Bei der Darts-WM gouf et e Samschdeg den Owend 2 Iwwerraschunge mat enger Néierlag fir béid Favoritten. Fir de Van Barneveld war et de leschten Optrëtt.

D'WM zu London war dee leschten Optrëtt fir de fënneffache Weltmeeschter Raymond Van Barneveld an d'Karriär war méi séier eriwwer wéi gemengt. Den Hollänner huet missen eng batter 1:3-Néierlag géint den Darin Young aus den USA astiechen.

An engem spéideren Interview huet de "Barney" sech enttäuscht gewisen, hie géing sech dat ni verzeien, esou schlecht gespillt ze hunn.

De Favorit war géint de Young séier hannendra geroden. Nom 0:2-Réckstand am 4. Saz hat hien nach emol op en 2:2 ausgeglach an hätt d'Partie nach kënne fir sech decidéieren, wat dunn awer net sollt klappen. De Young huet seng Chance genotzt.

Och d'Nummer 2 op der Welt, de Rob Cross, huet schonn am Optakt vun der Darts-WM zu London verluer. Den Englänner mam Spëtznumm "Voltage" huet schonn an der 2. Ronn däitlech mat 0:3 géint de Kim Huybrechts aus der Belsch verluer.

Hie gouf als Toppfavorit bei dëser WM gehandelt. Batter fir hien, en huet mat der Néierlag och 400.000 Pond verluer, déi hie virun 2 Joer gewonnen hat.