Correia an Zirbes presentéieren Testmatch-KaderFLF-Dammennationalekipp: Laura Miller dobäi, Charlotte Schmit nach net sécher

Yannick Gross
E Freideg de Mëtten hunn d'Cristina Correia an den Daniel Zirbes op enger Pressekonferenz hire Kader fir déi nächst 2 Matcher vun der Dammefuttball-Nationalekipp bekannt ginn. Et stinn zwee Testmatcher um Programm, dat géint Malta a Montenegro.
FLF-Dammennationalekipp: Laura Miller dobäi, Charlotte Schmit nach net sécher
E Freideg de Mëtten hunn d'Cristina Correia an den Daniel Zirbes op enger Pressekonferenz hire Kader fir déi nächst 2 Matcher vun den FLF-Damme presentéiert.

Knapp véier Méint no dem leschte Match vun der WM-Qualifikatioun sti fir d'Rout Léiwinnen elo 2 Testmatcher um Programm. Et war net einfach, passend Géigner ze fannen, well vill Natioune grad nach an de Play-Offs ëm een Ticket fir d'WM spillen. Rauskomm, sinn no der Sich zwee Matcher, dat géint Malta a Montenegro. Zwee Géigner op déi een och 2027 an der Nations League C kéint treffen.

"Et war eis wichteg, datt mir déi, vun der Qualitéit hier, beschte Géigner déi do sinn, kréien. Dat ass eis och relativ gutt gegléckt. Et si potentiell Géigner aus der Liga C, déi op eis waarden. D'Liga B hu mir elo kennegeléiert an et geet elo drëms, d'Liga C virzebereeden. Do musse mir dann Defensiv an Offensiv den nächste Schratt maachen", esou den Daniel Zirbes.

Et wëll een dës Kéier och rëm probéieren, iwwer de ganze Match méi mam Ball ze spillen, dat war jo géint déi lescht Géigner wéi Schottland oder d'Belsch net esou einfach.

"Mir wëllen eis esou entwéckelen, datt mir Fussball aktiv gestalte kënnen. Leider misste mir jo an de leschte Matcher gezwongenermoossen éischter reagéieren, mee mir wëllen eppes entwéckelen. Dat brauch Zäit a méi wéi eng Campagne, fir Automatismen an d'Taktik ze festegen."

Net méi mat dobäi sinn no hirem allerleschte Lännermatch am Juni d'Amy Thompson an d'Andreia Machado an och den Asaz vum Laura Miller an dem Charlotte Schmit war bis d'lescht Woch nach net sécher. D'Kapitänin Laura Miller krut elo awer gréng Luucht fir dëse Stage, wärend ee beim Charlotte Schmit nach ofwaarde muss, dat opgrond vun enger gebrachener Rëpp.

"D'Charlotte trainéiert aktuell individuell a mat Péng a Portugal. Mir kucken dat e Méinden, do kënne mir méi soen. Et ass eng wichteg Spillerin an eis war wichteg, dass si mat dobäi ass, virun allem am Kontext datt et den éischte Stage an der neier Saison ass.", sou nach den Daniel Zirbes.

De Match auswäerts géint Malta spillen d'Rout Léiwinnen dann d'nächst Woch e Freiden den 9. Oktober, ier si nëmme 4 Deeg drop doheem zu Rëmeleng op Montenegro treffe wäerten.

Back to Top
CIM LOGO