E Méindeg am Nomëtteg huet d'FLT bekannt ginn, wie vun der Kapitänin Anne Kremer an d'Fed-Cup-Ekipp nominéiert gouf.

D'Mandy Minella, d'Eléonora Molinaro, d'Claudine Schaul, d'Marie Weckerle an d'Tiffany Cornelius sinn zeréckbehale ginn. De Fred Baade ass als Trainer mat dobäi an de Benjamin Chassin als Kiné.

© Val Wagner

D'Reglement gesäit vir, dass 2 Spillerinnen nach bis den Dag vum Ufank vun der Competitioun ausgewiesselt kënne ginn.

Tickete fir dëst sportlecht Evenement, dat vum 5. bis den 8. Februar 2020 am nationalen Tenniszenter zu Esch gespillt gëtt, kënnen am Sekretariat vun der FLT kaf ginn. Weider Infoen op www.flt.lu.

D'Géignerinne vun der FLT-Dammen-Nationalekipp sinn d'Fed-Cup-Teams aus Schweden, Serbien, der Tierkei, Slowenien a Polen.