Verstouss géint Financial FairplayManchester City fir 2 Saisonen aus europäesche Kompetitiounen ausgeschloss

RTL Lëtzebuerg
D'Uefa huet e Freideg den Owend matgedeelt, datt d'Ekipp vum Pep Guardiola wéinst Verstéiss géint de Financial Fairplay bestrooft gëtt.
© AFP

Den englesche Champion Manchester City gouf wéinst Verstéiss géint de Financial Fairplay fir déi nächst 2 Saisone aus den europäesche Kompetitiounen ausgeschloss. Donieft muss de Veräin vum Pep Guardiola eng Geldstrof vun 30 Milliounen Euro bezuelen, dat huet déi europäesch Futtball-Unioun e Freideg matgedeelt.

ManCity ka virum internationale Sportgeriichtshaff (CAS) an Appell goen.

Back to Top
CIM LOGO