D'Neiséilännerin konnt sech virun der Slowakin Petra Vlhova duerchsetzen.

Trotz enger excellenter Faart vum Petra Vlhova war géint déi 18 Joer jonk Alice Robinson am Riseslalom zu Kranjska Gora kee Kraut gewuess.
Um Enn hat d'Neiséilännerin eng Avance vu 34 Honnertstel op d'Slowakin. Drëtt goufen d'Wendy Holdener an d'Meta Hrovat, déi zäitgläich duerch de Parcours koum waren.

Am General bleift d'Mikaela Shiffrin mat 1225 Punkten un der Spëtzt.