D'FLBB proposéiert jo zanter en Dënschdeg ee Modus mat 20 Clibb a muss elo op d'Reaktiounen vun de Veräiner waarden

Am nationalen Härebasket gëtt den Ament no enger Solutioun gesicht, fir déi nächst Saison op d'Been ze stellen.

Propos vu Basketfederatioun / Reportage Jeff Kettenmeyer

D'Iddi ass fir aus der Nationale 1 an 2, fir eng Qualifikatiounsronn, eng eenzeg Liga ze maachen.

D'Basketfederatioun huet mat dëser Propos op déi deels zolidd Kritik vum leschte Weekend reagéiert, seet de Vize President Samy Picard.

D'Welt huet den Ament aner Problemer wéi de Basket. Mir als Federatioun hunn als Interêt, datt d'Basketswelt sech verdréit. Fir elo net nach méi Polemik an deem Dossier ze verbreeden, hu mir decidéiert mat enger Propos op d'Clibb duerzegoen. Déi Propos huet als Zil, kee Veräin duerch déi Coronakris ze bestrofen.

Op enger Assemblée Générale extraordinaire géif deemno dësen oder souguer een anere Championnatsmodus votéiert ginn.

Mir erlaben heimat de Clibb, mat ze decidéieren, wéi et viru geet. Déi Propos, déi elo um Dësch läit, ass awer just eng vu ville Optiounen, wéi een dës Situatioun léise kann. Mir denken, datt se ganz fair ass, mä all Club, deen eng aner Meenung oder eng aner Iddi huet, soll dës och presentéieren. Den CA vun der Federatioun wëll a kann och net een anere Modus einfach imposéieren.

Wéini dës ausseruerdentlech Generalversammlung wäert sinn, steet nach net fest. Alt ze vill Zäit wäert awer net vergoen, sou de Samy Picard.

"Et ass ënnert dësen Ëmstänn zwar net ganz einfach, mä mir sinn eis bewosst, datt et sou séier wéi méiglech soll sinn."

An Tëschenzäit hunn déi 20 Veräiner d'Propos um Dësch leien. Elo läit de Ball bei hinnen, fir dës zu engem spéideren Datum z'akzeptéieren oder eng aner Alternativ virzeleeën.