Veräiner an der Flicht, fir Zukunft konstruktiv opzebauen

© Maya a Robert Straus
Virun zwou Wochen huet d'Basket-Federatioun decidéiert, dass d´Saison eriwwer wier an dass ënnert anerem de Championstitel bei den Hären un Esch geet.
An engem oppene Bréif reagéiert elo den Escher Veräin op d'Decisiounen, déi a leschter Zäit vun der FLBB geholl goufen. De Club schreift, dass d'Federatioun an de leschte Joren eng gutt Aarbecht gemaach huet an dass een dat net alles dierf iwwer e Koup geheien. Och d'Veräiner wieren elo an der Flicht, fir konstruktiv d'Zukunft opzebauen.
De Basket Esch schreift och nach, dass misst opgehale ginn mat den Attacken op eenzel Persounen.
Et wier een och méi frou gewiescht, den Titel um Terrain ze gewannen, wéi um gréngen Dësch. Elo misst esou séier wéi méiglech eng Assemblée extraordinär organiséiert ginn, fir dass Kloerheet geschaf ka ginn.