Am nationalen Hären-Basket gëtt jo den Ament eng Léisung gesicht, wéi de Championnat an der neier Saison kéint ausgesinn.

D'FLBB hat jo annoncéiert, datt een och op Proposë vu Veräiner oder Responsabele géif waarden, an eng Partie Proposë sinn och schonns am Ëmlaf. Eng dovun soll eisen Informatiounen no bei engem groussen Deel vun de Veräiner gutt ukommen. D'Iddi wier, fir an der neier Saison zu 14 an der Total League ze spillen.

Dëst wieren déi 10 aktuell Equippen, Steesel an Konter géifen deemno net ofsteigen, an déi 4 éischt aus der Nationale 2, Hesper, Walfer, Zolwer an Miersch géifen dobäistoussen.

No Hin- a Réckronn sollen dann déi éischt 8 Equippen ee Playoff ëm den Titel spillen, dat nom Format, wéi et zum Beispill aus der NBA bekannt ass.

Ënnenof géif aus der Nationale 2 an 3 eng eenzeg Liga ginn.

De Plang gesäit och vir, datt ee Joer méi spéit, also 2021, just nach 12, amplaz 14 Equippen an der ieweschter Divisioun spillen.