Momentan gëtt jo vill am Basketmillieu doriwwer diskutéiert, wei de Championnat an der néier Saison kéint ausgesinn.

Dowéinst gëtt et zanter enger gudder Woch en Dialog tëschent der FLBB an de Veräiner.

Et gouf elo eng Enquête op Initiativ vum Trainer vu Käerjeng an d'Liewe geruff, deen d'Supporter an d'Spectateure vum Lëtzebuerger Basket ëm hir Meenung freet, wéi si sech dat neit Championnat géife virstellen.

Wien intresséiert ass, ka bis en Dënschden Mëtten 12:00 Auer matmaachen oder bis 5.000 Participanten erreecht goufen.