Mam neie Covid-Gesetz ginn d'Restriktiounen am Sport opgehuewen

© Archivbild / Pressphoto
En Donneschdeg de Mëtteg gëtt viraussiichtlech dat neit Covid-Gesetz an der Chamber gestëmmt.
Kontaktsport gëtt am Prinzip erëm erlaabt. Am Rapport vum LSAP-Députéierte Mars Di Bartolomeo steet, datt d'physesch Distanz an de Mask fir „Akteuren" am kulturelle Beräich an am Sport net méi z'applizéiere sinn. Effektiv déi Persoune géingen a limitéierter Zuel beienee kommen a virun allem wier hir Identitéit bekannt. Den Tracing am Fall vu potentieller viraler Transmissioun wier „einfach".
Dat war an der Sportswelt erwënscht, hat den LSAP Sportminister Dan Kersch ufanks Juli hei op RTL gesot.
Well d'Zuel vun Neiinfektiounen déi lescht Deeg a Wochen an d'Luucht gaange sinn, riskéiert den Deconfinement am Sport bei de Federatiounen a Veräiner fir Kappzerbrieches ze suergen. Et sinn nämlech si, déi decidéieren wat um Terrain geschitt. Engersäits dierfen d'Veräiner erëm Sport ewéi virun der Kris maachen, allerdéngs gi se de Risiko an, datt hir Sportler infizéieren. D'Responsabilitéit wier dee Moment bei de Veräiner.
D'Gemenge sinn net responsabel fir dat, wat um Terrain geschitt, well deen zur Dispositioun gestalt gëtt. Se sinn awer responsabel fir eng Rei Sportinfrastrukturen. D'Reegelen ausserhalb vum Terrain (zum Beispill am Gank oder an de Vestiairen) bleiwen a Kraaft. Dat heescht Distanz anhalen a Mask unhunn.
De Comité Olympique et sportif, de COSL, deen erënnert op Nofro hin un d'Protokoller, déi déi verschidde Federatiounen ausgeschafft hunn. Bei de Kampfsportaarte goufe beispillsweis Gruppe geschaaft. Et kéint een elo kucken, wat ee vun dëse Protokoller nom Deconfinement am Sport weider applizéiert, sou de President vum COSL, den André Hoffmann.
Donieft huet de COSL wëlles, de Federatiounen weider Recommandatioune mat op de Wee ze ginn, wann d'Gesetz bis gestëmmt ass. Och wann de Kontakt erëm erlaabt ass, kann een zum Beispill nach ëmmer dofir suergen, datt d'Sportler hir eege Fläsch benotzen, fir ze drénken oder wa se e Punkt maachen, net zu puer openee feieren.