Zu Orlando a Florida goufen e Mëttwoch déi éischt NBA-Matcher gespillt. Et ginn elo iwwert eng Woch Testmatcher gespillt.

Den 30. Juli geet déi offiziell NBA-Saison nee lass, déi d'Plazen an de Playoffs soll festleeën. D'Testmatcher ginn an engem Format vun 10 Minutte pro Véierel gespillt.

E Mëttwoch hunn d'Los Angeles Clippers géint d'Orlando Magics 99:90 gewonnen. De Lou Williams huet mat 22 Punkte senger Ekipp zur Victoire verhollef, mat Hëllef vum Paul George, deen 18 Punkte krut. Den Kawhi Leonard ass bei 9 Punkte bliwwen.

Denver huet mat 89:82 géint Washington gewonnen. De jonke Bol Bol, Jong vum Ex-Spiller Manute Bol, huet mat 16 Punkten, 10 Rebounds a 6 Blocks fir säin éischte Match an der Liga ee gudden Androck hannerlooss.

Miami huet 104:98 géint Sacramento gewonnen an d'New Orleans Pelicans hu Brooklyn mat 99:68 geklappt, dat ouni hire jonke Star, den Zion Williamson, dee wéinst familiäre Grënn net konnt do sinn.

Den 30. Juli fänken déi offiziell Matcher un. Utah Jazz spillen da géint d'New Orleans Pelicans an d'Los Angeles Lakers vum Lebron James spille géint hir Rivalen, d'Los Angeles Clippers.