
De Lëtzebuerger Futtballspiller huet zanter 2013 fir de Progrès Nidderkuer gespillt. Elo geet hien den nämmlechte Schratt wéi seng Bridder Vincent an Olivier, déi schonns länger am Ausland spillen.
Zu Tambow spillt dann och een ale Bekannte vum Sébastien Thill, nämlech den Aleksandre Karapetian, mat deem den Thill schonns zu Nidderkuer zesummegespillt huet.
De Progrès Nidderkuer verléiert mam Sébastien Thill dann och de Kapitän vun der Ekipp.

En éischt Openanertreffen tëscht dem Sébastien an den Olivier Thill kéint et schonn den 13. September ginn, wann FK Tambow géint FK Ufa spillt.