Internationale FuttballTottenham klappt City, Néierlag fir Barça géint Atlético Madrid

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass de Ball trotz der Corona-Pandemie op ville Plazen an Europa gerullt - hei den Iwwerbléck.
© AFP

Premier League

Newcastle - Chelsea 0:2
0:1 Fernandez (10' - Selbstgol), 0:2 Abraham (65')

Chelsea bleift weiderhi ganz uewen an der Tabell vun der Premier League dobäi. D’Blues konnte sech zu Newcastle fir de Kont vum 9. Spilldag kloer mat 2:0 behaapten.

© AFP

Tottenham - Man. City 2:0
1:0 Son (5'), 2:0 Lo Celso (65')

D’Ekipp vum Trainer Guardiola huet dës Saison an der Premier League den Tratt nach net esou richteg fonnt an och e Samschdeg hat ee géint d’Spurs e schwéiere Stand.

Tottenham konnt doheem nämlech fréi a Féierung goen an déi zweet Hallschecht huet een dann och näischt méi ubrenne gelooss.

Man. United - West Brom 1:0
1:0 Fernandes (56')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Crotone - Lazio 0:2
0:1 Immobilie (21'), 0:2 Correa (58')

© AFP

La Spezia - Bergamo 0:0

Juventus - Cagliari 2:0
1:0, 2:0 Ronaldo (38', 42')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Villareal - Real Madrid 1:1
0:1 Mariano (2'), 1:1 Moreno (76')

Am Spëtzematch vun der La Liga waren déi Kinneklech vu Madrid ferm géint Villareal gefuerdert. D’Ekipp vum Trainer Zidane ass mat engem fréien 1:0 an der 2. Minutt gutt gestart, huet et am weidere Verlaf vun der 1. Hallschecht awer net fäerdegbruecht, een 2. Gol ze markéieren.

No der Paus krut d’Heemekipp een Eelefter zougesprach, deen de Moreno verwandele konnt. Um Enn war et e gerecht Gläichspill: Real war an den éischten a Villareal an den zweete 45 Minutte besser.

© AFP

Sevilla - Celta Vigo 4:2
1:0 Koune (5'), 1:1 Aspas (10'), 1:2 Nolito (36'), 2:2 En-Nesyri (45'+3), 3:2 Escudero (85'), 4:2 El Haddadi (87')

Atl. Madrid - Barcelona 1:0
1:0 Carrasco (45')

D’Form vum Barça weist och no der Defaite géint den Atlético Madrid no ënnen. Messi a Co. hu géint d’Ekipp vum Trainer Simeone e Samschdeg den Owend de Kierzere gezunn. E Gol vum Carrasco am 1. Duerchgang goung de Colchoneros duer, fir déi 3 Punkten zu Madrid ze halen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Bundesliga: 8. Spilldag: Bremen kritt e Punkt zu München, Gladbach gëtt Féierung hier

Back to Top
CIM LOGO