Tour des FlandresPogacar an Evenepoel fueren duerch Rout a riskéiere Fuerverbuet

Pierre Weimerskirch
E puer Topp-Fuerer si wärend dem Tour des Flandres iwwer eng Barrière gefuer, wou déi rout Luucht scho geblénkt huet. Déi betraffene Coureure musse mat méigleche juristesche Konsequenze rechnen.
© Roland Miny

Eng Grupp vu ronn 30 Coureuren ass wärend dem Tour des Flandres iwwer d’Barrière gefuer, obwuel dës amgaang war zouzegoen. Dorënner och den Tadej Pogacar a Remco Evenepoel (de Gewënner an den 3. vun der Course).

De Lëtzebuerger Champion Arthur Kluckers huet sech an där Situatioun korrekt verhalen. Op Biller ass ze gesinn, datt hie stoe bliwwen ass.

Fuerverbuet vu bis zu 8 Deeg

Juristesch kéint d’Affär awer nach Suitten hunn. D’Autoritéiten an der Belsch wëllen déi betraffe Coureuren identifizéieren an eventuell bestrofen. Am Raum sti Geldstrofen an esouguer e kuerzfristegt Fuerverbuet (Auto). Och déi däitsch Bunn huet sech zu Wuert gemellt an d’Cycliste fir hiert Verhale kritiséiert.

Sportlech hat den Incident keng direkt Konsequenzen, mee d’Diskussioun iwwer Sécherheet an d’Reegelen am Profi-Cyclissem ass domat nei ugestouss ginn. Och d’UCI-Reglement géif eigentlech virgesinn, dass d’Coureuren disqualifizéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO