Coupe de Luxembourg am FutsalDéifferdeng ka sech mat 4:3 géint Leideleng duerchsetzen
E Méindeg huet sech den FC Déifferdeng 03 eng weider Kéier konnten an der Coupe de Luxembourg duerchsetzen.
Futsal: Finall tëscht Déifferdeng a Leideleng (6.4.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Déifferdeng ass als klore Favorit an d’Finall vun der Coupe de Luxembourg am Futsal gaangen, dat géint den 1. FC Gruefwiss Leideleng. Gespillt gouf an enger gutt-gefëllter Hal zu Diddeleng.
Déi Leidelenger konnten de Match e Méindeg den Owend dann och laang Zäit spannend halen. Um Enn waren et dann awer nees déi Déifferdenger, déi d’Coupe konnten an d’Luucht halen, dat no enger 4:3-Victoire. Eleng 3 Goler konnt den Déifferdenger Ruben Reis markéieren.
Et ass déi sechste Kéier hannerteneen, dass den FCD03 deen Titel gewanne kann.
Finall vun der Coupe de Luxembourg am Futsal
Déifferdeng ka sech mat 4:3 géint Leideleng duerchsetzen.
RTL.lu hat de Match am Livestream gewisen - Kuckt hei de komplette Match am Replay
Coupe de Luxembourg: FC Déifferdeng - 1. FC Gruefwiss Leideleng
D’Finall vun der Coupe am Futsal am Replay.