
Et war ee kuerzen Optrëtt fir de Sébastien Thill beim FK Tambow a Russland.
No knapp 4 Méint wiesselt de Lëtzebuerger Nationalspiller elo a Moldawien bei Sheriff Tiraspol.
Den Thill war am Summer vu Nidderkuer fortgaangen an huet elo mat Effet immédiat säi Kontrakt a Russland opgeléist.
Domat wiesselt de Sébastien Thill bei de fréiere Veräin vum Gerson Rodrigues, deen 2018 fir Sheriff Tiraspol gespillt huet.
Am meeschte gelies