An engem ganz intensiven Optaktmatch an der Bundesliga huet de Plea fir Gladbach getraff an de Lewandowski fir Bayern.

E Freideg den Owend huet an Däitschland déi nei Saison an der Bundesliga ugefaangen. De Champion Bayern München war zu Mönchengladbach op Besuch.

An der englescher Premier League stounge sech am éischte Match vun der Saison den Opsteiger Brentford an Arsenal géintiwwer.

An a Frankräich war Monaco zu Lorient op Besuch.

Bundesliga

Borussia Mönchengladbach - FC Bayern München 1:1
1:0 Plea (10'), 1:1 Lewandowski (42')

Den FC Bayern München ass ouni Victoire an déi 59. Bundesliga-Saison gestart. Borussia Mönchengladbach an den däitsche Champion hu sech um 1. Spilldag no engem ganz intensive Match mat engem 1:1 getrennt. Den Titelverdeedeger war iwwer wäit Strecken iwwerleeën, ma huet sech trotz ville Chancë misse mat engem Remis zefridde ginn. De staarke Golkipp Sommer huet fir Gladbach de Punkt festgehalen.

Duerch de Remis waart de Julian Nagelsmann domadder weider op déi éischt Victoire als Bayern-Trainer.

No den éischte 45 Minutte stoung et 1:1 tëscht béiden Ekippen. No engem staarke Start war d'Lokalekipp schonn no 10 Minutten duerch de Plea mat 1:0 a Féierung gaangen. Den FCB huet sech an der Defense schwéier gedoen, ma konnt sech fänken an ass ëmmer méi opkomm. An der 42. Minutt huet de Lewandowski dann och de verdéngten 1:1 geschoss.

Och no der Paus war et eng ganz animéiert Partie. Bayern wollt onbedéngt a Féierung goen an huet déi Gladbacher staark ënner Drock gesat. Den däitsche Rekordchampion huet sech Chance ëm Chance erausgespillt, ma ass ëmmer nees um Golkipp Sommer hänke bliwwen an huet et net fäerdeg bruecht, fir e weidere Gol ze schéissen. An de leschten 10 Minutte gouf et dunn zwou ëmstridde Situatiounen am Strofraum vun de Gäscht. Den Thuram war no engem Zweekampf mam Upamecano gefall. No Videobeweis gouf et allerdéngs keen Eelefmeter. Kuerz drop ass den Thuram op en Neits no engem Duell mam Upamecano op de Buedem gaangen, ma och hei gouf et keen Eelefter. Béid Ekippen hu bis zum Schluss gekämpft. Um Enn ass et beim 1:1 bliwwen.

An der 2. Bundesliga huet St. Pauli den Derby géint den Hamburger SV verdéngt mat 3:2 gewonnen. D'Kiezkicker sinn am Stadderby zanter 5 Matcher ongeschloen. Pauli war duerch de Becker an der 27. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. Wéi aus dem Näischt hat de Kittel kuerz virun der Paus ausgeglach. Eleng an den éischte 45 Minutte gouf et aus Siicht vun der Lokalekipp 11:2 Schëss op de Gol. Nom Säitewiessel huet de Makienok mat senge Goler an der 56. an der 58. Minutt fir d'Decisioun gesuergt. Den HSV hat an der 77. Minutt nach duerch de Rothosen verkierzt, ma un der Néierlag sollt et näischt méi änneren.  

Schalke huet déi nächste Victoire verpasst. Géint Aue ass een net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. Den Ofsteiger war an der 32. Minutt duerch den Drexler mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 2. Hallschent huet d'Lokalekipp et awer verpasst, fir d'Féierung weider auszebauen. Aue huet dëst äiskal genotzt an huet sech duerch de Gol vum Härtel an der 86. Minutt nach ee Punkt geséchert. Bei de Gäscht stoung den Dirk Carlson déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

Premier League

FC Brentford - FC Arsenal 2:0
1:0 Canos (22'), 2:0 Nörgaard (73')

Esou hat sech den FC Arsenal den Optakt an déi nei Saison sécher net virgestallt. Beim Opsteiger Brentford hu sech d'Gunners misse mat engem 0:2 geschloe ginn. D'Néierlag war um Enn verdéngt. Arsenal huet sech extrem schwéier gedoen. An der zweeter Hallschent hunn d'Gunners zwou gutt Chancen net genotzt a kruten den 0:2 geschoss. D'Bees hunn d'Féierung duerno clever iwwert d'Zäit bruecht an hu sech an hirem éischte Match an der Premier League déi éischt Victoire geséchert.

Ligue 1

FC Lorient - AS Monaco 1:0
1:0 Moffi (31', Eelefmeter)

Fir den AS Monaco gouf et och um zweete Spilldag an der Ligue 1 keng Victoire. Zu Lorient huet ee sech misse mat 0:1 geschloe ginn. Den decisive Gol huet de Moffi an der 31. Minutt per Eelefmeter geschoss.