WM-QualifikatiounFrankräich an Holland spille gläich, Dänemark gewënnt

RTL Lëtzebuerg
Frankräich huet géint Bosnien-Herzegowina gespillt an Holland war an Norwegen op Besuch.
Den Antoine Griezmann feiert säi Gol fir Frankräich.
Den Antoine Griezmann feiert säi Gol fir Frankräich.
© AFP

E Mëttwoch den Owend war den Optakt vum 4. Spilldag an der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft am Katar. Gespillt gouf an de Gruppen D, F, G an H. Lëtzebuerg war am Grupp A am Asaz an huet bei der Première am Stade de Luxembourg direkt eng Victoire gefeiert.

Grupp D

Frankräich - Bosnien-Herzegowina 1:1
0:1 Dzeko (36'), 1:1 Griezmann (40')

Am Stade de la Meinau zu Stroossbuerg huet Frankräich vun Ufank u probéiert, Drock ze maachen. D’Bosnier hu gutt dogéint gehalen a konnten no 36 Minutten den éischte Gol vum Match markéieren. D’Heemekipp huet awer direkt reagéiert an duerch de Griezmann ausgeglach. Mat deem Resultat goung et och an d’Paus. No enger rouder Kaart fir de Koundé huet sech Frankräich an der zweeter Hallschent weiderhi schwéier gedoen. De Pogba an den Mbappé hunn an der Schlussphas vum Match nach eng Kéier alles probéiert, mee et sollt net méi duergoen. Mat aacht Punkte bleift Frankräich un der Tabellespëtzt vum Grupp D.

Frankräich-Bosnien Herzegowina
Frankräich ass virun den eegene Spectateuren net iwwert ee Remis erauskomm.

Kasachstan - Ukrain 2:2
0:1 Yaremchuk (2'), 1:1 Valiullin (74'), 1:2 Sikan (90+3'), 2:2 Valiullin (90+6')

Kasachstan-Ukrain
Mat engem 2:2 hu sech béid Formatioune getrennt.

Grupp F

Dänemark - Schottland 2:0
1:0 Wass (14'), 2:0 Maehle (15')

D’Dänen, bei der leschter Europameeschterschaft iwwerraschend an der Halleffinall, hunn direkt an de Match fonnt. Duerch Goler vu Wass a Maehle louche si séier mat 2:0 a Féierung. D’Schotte waren net am Match a konnte bis d’Paus net eng Kéier op de géigneresche Gol schéissen. D’Heemekipp konnt de Virsprong och nom Säitewiessel halen. Mat véier Victoirë sinn d’Dänen ongeschloenen Tabelleleader a kruten an dëser Campagne nach kee Gol geschoss.

Resumé Dänemark - Schottland 2:0
Am Grupp F huet Dänemark eng 2:0-Victoire géint Schottland gefeiert.

Moldawien - Éisträich 0:2
0:1 Baumgartner (45+1'), 0:2 Arnautovic (90+4')

Färöer Inselen - Israel 0:4
0:1 Zahavi (12'), 0:2 Zahavi (44'), 0:3 Dabbur (52'), 0:4 Zahavi (90+2')

Färöer Inselen-Israel
Israel konnt sech mat 4:0 behaapten.

Grupp G

Norwegen - Holland 1:1
1:0 Haaland (20'), 1:1 Klaasen (37')

An engem animéierte Match hu sech d’Norweger déi éischt Chancen duerch den Erling Haaland erausgespillt. De Stiermer vun Dortmund huet dann och den 1:0 fir seng Faarwe markéiert. D’Hollänner mam neien Trainer Louis van Gaal hate méi Ballbesëtz a konnten nach an der éischter Hallschent ausgläichen. Nom Säitewiessel hu béid Ekippe weiderhin engagéiert no vir gespillt, ouni de Wee an de Gol ze fannen.

Norwegen - Holland
Norwegen an Holland spillen 1:1 gläich. (onkommentéiert Bildmaterial)

Tierkei - Montenegro 2:2
1:0 Ünder (9'), 2:0 Yazici (31'), 2:1 Marusic (40'), 2:2 Radunovic (90+7')

Tierkei - Montenegro
Um 4. Spilldag vum Grupp G spillen Tierkei a Montenegro 2:2 gläich. (onkommentéiert Bildmaterial)

Lettland - Gibraltar 3:1
1:0 Gutkovskis (50', Eelefmeter), 1:1 De Barr (70', Eelefmeter), 2:1 Gutkovskis (85'), 3:1 Ciganiks (89')

Lettland - Gibraltar
Lettland gewënnt hire Match mat 3:1 géint Gibraltar.

Grupp H

Russland - Kroatien 0:0

Am Grupp H hu Russland a Kroatien ëm déi éischt Plaz an der Tabell gespillt. D’Gäscht haten an enger éischter Phas méi vum Spill, konnten hir Geleeënheeten awer net notzen. No der Paus sinn och d’Russe besser an de Match komm an haten och op hirer Säit zwou Chancen. Och an de leschte 15 Minutten ass Russland méi aktiv bliwwen, um Enn ass et net méi duergaangen, fir e Gol ze schéissen. Béid Ekippe sinn domadder weiderhi punktgläich op der éischter Plaz.

Russland-Kroatien
Keng Goler si bannent den 90 Minutte gefall.

Slowenien - Slowakei 1:1
0:1 Bozenik (33'), 1:1 Stojanovic (42')

Slowenien-Slowakei
Béid Ekippen hu sech mat 1:1 getrennt.

Malta - Zypern 3:0
1:0 Attard (44'), 2:0 J. Mbong (46'), 3:0 Attard (55')

Malta-Zypern
Eng kloer 3:0-Victoire gouf et fir Malta.

Back to Top
CIM LOGO