Biller vu Krichsaffer um HelmUkrainer Wladyslaw Heraskewytsch bei Olympia ausgeschloss

RTL mat AFP
Well hie Fotoe vun ukrainesche Sportler, déi duerch de Krich ëm d'Liewe komm sinn, op sengem Helm hat, gouf de Skeleton-Fuerer Wladyslaw Heraskewytsch elo vun de Spiller an Italien ausgeschloss
© TIZIANA FABI/AFP

Op sengem Helm hat de Wladyslaw Heraskewytsch Biller vun aneren ukrainesche Sportler, déi am aktuelle Krich mat Russland ëm d’Liewe komm sinn. Dëst huet zu engem Sträit tëscht dem Skeleton-Fuerer an dem Olympesche Comité gefouert. Elo ass dann d’Decisioun gefall, datt de Wladyslaw Heraskewytsch vun der Kompetitioun ausgeschloss gëtt.

Dobäi waren d’Chancë fir den Ukrainer op eng Medail guer net esou schlecht, ëmmerhi war hie bei der leschter Weltmeeschterschaft de Véierte ginn. No dëser Decisioun vum IOC an dem IBSF dierf de Wladyslaw Heraskewytsch elo dësen Donneschdeg a Freideg net zu Cortina am Äiskanal untrieden.

Den IOC begrënnt den Ausschloss mam Verstouss géint déi Olympesch Charta, no där Meenungsäusserungen ënner anerem um Spillfeld verbuede sinn. De Sportler selwer huet schonn annoncéiert, datt hie fir “eis Rechter kämpfe” wéilt a wëll d’Decisioun vum IOC virum Internationale Sportsgeriichtshaff ufechten. Géintiwwer dem ZDF sot hien, datt hie sech elo berode géif loossen an de Fall “fir de CAS virbereeden a fir eist Recht kämpfen”.

Back to Top
CIM LOGO