Wéinst Asbest am Keller vum Fondamental Bieles-Post bleift d’Schoul vun e Mëttwoch dem 11. Februar u bis dem aktuelle Stand no der Fuesvakanz inclus zou. D’Schüler aus der Bieles-Post-Schoul gi bis dohin um Site Scheierhaff an d’Schoul, wéi d’Gemeng Suessem an engem Communiqué matdeelt. De Schoulbus kënnen d’Schüler um Arrêt “Post Schoul” huelen, dee vun do aus op de Scheierhaff fiert.
Wéi d’Buergermeeschter Simone Asselborn-Bintz am RTL-Interview erkläert, wier Asbest am Keller vun der Schoul fonnt ginn. Et hätt een doropshin “direkt reagéiert” an alles “hermeetesch zougemaach”. Dono wieren Analyse gemaach an d’ITM an d’Santé informéiert ginn. Aus “preventive Grënn” hätt een d’Schoul zougemaach, “fir einfach sécher ze goen, dass d’Kanner net a Kontakt kommen”, sou d’Simone Asselborn-Bintz. Och virdru wieren d’Kanner net mam Asbest a Kontakt komm, betount d’Buergermeeschtesch. Dat well den Asbest eben am Keller vun der Schoul fonnt gouf. Et géingen zwar elo nach weider Analyse gemaach ginn, ma si ass sech sécher, datt d’Post Schoul no der Fuesvakanz nees kéint opmaachen.
Bis dohi ginn d’Schüler wéi gesot um Site Scheierhaff an d’Schoul. An och d’Servicer wéi de Service de l’éducation et de l’accueil (SEA) ginn op anere Sitten iwwerholl. An dësem Fall um Site “A Gadder”.
Zesumme mam Direkter hätt een e Bréif opgesat, mat deem een d’Elteren informéiert huet, preziséiert d’Buergermeeschtesch. Och wann d’Simone Asselborn-Bintz net vu gesondheetleche Schied fir d’Schüler ausgeet, kënnen Eltere sech bei der Gemeng informéieren. Dës géingen a Retour awer och informéiert ginn, soubal d’Analyse fäerdeg sinn, betount d’Gemengemamm.