Als Volontaire bei den Olympesche Wanterspiller "Den Echange mam Public ass top"

Christophe Hochard
Mat hiren 20 Joer ass d'Manolie Clerbaut als Volontaire bei den Olympesche Wanterspiller dobäi.

Zu Mailand studéiert d’Lëtzebuergerin Eco an ass wärend 9 Deeg beim Äishockey am Asaz.

“Ech géif et definitiv nach eemol wëllen erliewen”. Dëst seet mir d’Manolie Clerbaut direkt am Ufank vun eisem Interview. A weider: “Et ass eng eemoleg Erfarung”.

Manolie Clerbaut ass Volontaire bei den Olympesche Wanterspiller
Mat hiren 20 Joer ass d’Manolie Clerbaut als Volontaire bei den Olympesche Wanterspiller dobäi.

Am Mäerz zejoert huet déi jonk Lëtzebuergerin sech gemellt, fir als Benevole bei de Wanterspiller matzehëllefen. Dëst nodeems hir Uni en Opruff ënnert de Studente gestart hat. “Am Juni/Juli gouf ech dunn an e Gespréich geruff an hunn terribel vill Froe gestallt kritt. Och wéi vill Sproochen ech schwätze kéint. An do hu mir als Lëtzebuerger jo e grousse Virdeel. Am August hunn ech dunn eng positiv Äntwert kritt an am November hu si mir meng Roll wärend den Olympesche Wanterspiller erkläert”. D’Manolie laacht wärenddeem iwwer d’ganzt Gesiicht.

Volontaire beim Äishockey

An der neier Arena Santa Giulia ass d’Manolie Clerbaut als Volontaire aktiv. Hei gëtt Äishockey gespillt. Hir Aarbecht ass ganz villfälteg.

D'Manolie Clerbaut iwwert d'Aufgabe wärend dem Hockey-Matcher.
Et kritt ee ganz vill Froe gestallt.

Eng 600 Volontairë sinn eleng zu Mailand an der Santa Giulia Arena am Asaz. 16.000 Leit fannen hei Plaz. Donneschdes de 5. Februar war d’Manolie eng éischte Kéier fir d’Olympesch Wanterspiller aktiv. Do war schonn den éischte Match. “Ech war mega opgereegt. Et war alles ganz nei fir mech. Et war déi alleréischte Kéier, datt ech bei esou engem groussen Event dobäi war. Schlussendlech ass awer alles ganz gutt verlaf”. Den Ament wou d’Manolie mir dëst erzielt, héiert een a hirer Stëmm, wéi vill Freed si dobäi verspiert.

Vum 6. bis den 22. Februar daueren d’Olympesch Wanterspiller an Italien. Zu Mailand a Cortina d’Ampezzo gi si ausgedroen. D’Manolie ass wärend 9 Deeg bei dësem Sportevent dobäi. Et hätten och 13 Deeg kënne sinn. Dat war aus organisatoresche Grënn awer fir déi jonk Studentin net méiglech. “Wat mir richteg gutt gefält, ass den Echange mam Public”, esou d’Ekonomiestudentin vu Mailand.

De Virdeel vun de Sproochen
“Ech géif et ëmmer nach emol maachen”

Schifuere mécht d’Manolie Clerbaut ganz gären. “Ech kucke mega gäre Fussball. Do war ech och scho mol mat an de San Siro gaangen”.

D’Eltere kommen d’nächst Woch

D’Manolie Clerbaut ass e “Stater Meedchen”. Um Geesseknäppchen am Lycée Aline Mayrisch war si an der Schoul an huet och do hir Première gemaach. Hir Elteren hate geplangt bis op Mailand wärend den Olympesche Wanterspiller ze kommen. Dëst ass elo fir déi kommend Woch virgesinn. “Wéi meng Eltere gewuer goufen, datt ech als Volontaire bei dëse Wanterspiller dobäi wär, ware si ganz frou. Kee vun eis hätt jeemools gemengt, datt ee kéint sou no un dëse Spiller deelhuelen”, esou d’Studentin am RTL-Interview.

Top Stëmmung zu Mailand

“Mailand huet sech komplett verännert”. Dëst erzielt d’Manolie mir. “Et war schonn ëmmer eng dynamesch Stad, elo fir d’Spiller ass se nach méi dynamesch. Iwwerall ginn et Dekoratiounen, Fändelen, Fan Shops. Och ganz vill Touriste kommen an hunn den Trikot vun hirem Land un.”

Englesch an Italieenesch sinn déi zwou Haaptsproochen, déi bei de Wanterspiller genotzt ginn. “Och Däitsch gëtt vill geschwat. Virun allem beim Äishockey. Et komme ganz vill Schwäizer, Däitscher an Éisträicher an de Stadion. Flott ass, datt een als Volontaire d’Matcher gratis nokucke kann”, esou nach d’Manolie Clerbaut.

D’Moiesschicht fänkt um 8.30 Auer un, d’Owesschicht um 18 Auer an dauert bis nuets 1 Auer. D’Lëtzebuerger Studentin huet sech vun der Schoul hier esou organiséiert, datt si bei den Olympesche Spiller hëlleft, wa si kee Cours huet. “Munchmol verpassen ech awer mol e puer Schoulstonnen. Da kréien ech vun der Uni e Videorecording. D’Schoul hëlleft hire Studenten awer op déi Manéier”.

Back to Top
CIM LOGO