Dass e Patient mat Häerzinsuffizenz kee Sport soll maachen, ass komplett iwwerlieft, seet de Kardiolog Dr. Charel Delagardelle.

Zanter 1985 gëtt et hei zu Lëtzebuerg  d’Association Luxembourgeoise des Groupes Sportifs pour Cardiaques.
An 3 Zenteren, nämlech zu Esch, an der Haaptstad an zu Ettelbréck, treffe sech reegelméisseg Häerzpatienten, fir Sport ze maachen.

D’Offer ass villfälteg: Vëlofueren, Schwammen, Aqua-Gym, Gymnastique, Nordic-Walking, Fitness. Fir jiddereen ass eppes derbäi.

E Samschdeg, 23. Abrëll , ass am Amphitheater vum Centre Hospitalier déi 7. Journée du Sportif Cardiaque, dat a Presenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lehnert. Hei ginn et fir all Interesséiert déi neisten Informatiounen. Besonnesch Häerzinsuffizienz ass en Thema e Samschdeg. De Guy Seyler huet sech am Virfeld mam Kardiolog Dr Charel Delagardelle ënnerhalen.

7e Journée du Sportif Cardiaque - Reportage Guy Seyler

Datt e Kranken, besonnesch en Häerzkranken an d’Bett gehéiert, ass scho laang widderluecht. D’Sporttherapie gehéiert zur Basisbehandlung vun deene meeschten Häerzpatienten, seet den Dr Delagardelle.

Laang Zäit huet et sech heibäi exklusiv ëm Patienten mat enger koronarer Häerzkrankheet gedréit.  Dat huet sech elo e bësse geännert:

Dr Delagardelle: Wéi du d’Behandlung vun deene Patienten verbessert gouf, du koum eng aner Grupp Patienten ervir, dat sinn eben déi Patiente mat Häerzinsuffizienz. Esou datt sech do d’Schwéierpunkten e bësse verännert hunn. Esou datt haut d’Reeducatioun mindestens grad esou wichteg ass fir déi Patienten mat Häerzinsuffizienz, wéi fir déi mat maladie coronarienne. An dat ass nach net esou laang hier. Dat sinn ongeféier 20 Joer, well am Ufank wéi ech Kardiolog war, du huet et geheescht "e Patient mat Häerzinsuffizienz, dee mécht kee Sport". Dat huet sech geännert.
 
D’Kardiologen an d’Kineeën aus der Klinik recommandéieren dem Häerzpatient, wat fir eng Sportméiglechkeeten hie wou huet. Dat geschitt momentan an deenen 3 regionalen Zentren Esch, Stad an Ettelbréck. Zu Wäiswampech ass e weideren Zenter an der Planung.

Leider si just emol 400 Patienten, déi dës Offer unhuelen.

Dr Delagardelle: Et gëtt eng Rëtsch Patienten, deene kanns du déi beschten Argumenter bréngen -  well wann een eppes um Häerz huet an et trainéiert ee vill, da kritt een och besser Muskelen, et kritt een eng besser Koordinatioun asw. Mee et gëtt eng Rëtsch Leit, déi loosse sech net iwwerzeegen.
Déi dankbaarst Patienten, déi mir am Groupe Sportif pour Cardiques hunn, dat sinn déi, déi ufänke Sport ze maachen, och wa se fréier ni eppes gemaach hunn. Do hu mir heiansdo spektakulär Verbesserungen. Ech kann eng Dose Patienten opzielen, déi koumen, déi konnten net riicht stoen am Ufank. Déi sinn haut begeeschtert. Déi maachen bei 5 – 6 Aktivitéiten an der Woch mat. Dat ass natierlech eng grouss Satisfaktioun. Mee, leider sinn net genuch Patienten, déi JO soen.

Vill Leit si bereet, allméiglech Pëllen ze huelen. Wann eng nei Pëll op de Maart kënnt, gëtt direkt probéiert. An déi wichtegst Pëll a mengen Aen ass de Sport. Dee loossen se sech dann entgoen. Dat ass schued.

Eigentlech brauch een net ze zécken, well den Encadrement ass garantéiert. All Grupp gëtt vun enger qualifizéierter Persoun geleet.  Jee nodeem wat fir eng Aktivitéit et ass, ass en Infirmier oder en Dokter derbäi. De Bluttdrock an de Bols ginn och kontrolléiert.

Sport ass eng effikass Therapie, mee kann awer och präventiv agesat ginn.  

Interessant Informatiounen ginn et op der 7. Journée du Sportif. Um Programm stinn ënner anerem Exposéen iwwer « les actualités en cardiologie » a « les nouveautés en rééducation et en sport pour cardiaques ».

D’Invitatioun riicht sech u jiddereen, an ass gratis. Allerdéngs soll een e bësse virun 9 Auer do sinn, well et muss e Covid-Check gemaach ginn.

Rendez-vous e Samschdeg, 23. Abrëll am Amphitheater vum CHL.