Volleyball: EM-Qualifikatioun
Lëtzebuerg klappt Island mat 3:0

© Archive
Am zweete Qualifikatiounsmatch hunn d'Lëtzebuerger Hären den Islänner keng Chance gelooss an de Match no dräi Sätz fir sech entscheet.
No der 0:3-Defaite aus dem Optaktmatch e Mëttwoch géint Montenegro gouf et e Sonndeg e Succès fir d'Lëtzebuerger Härennationalekipp am Volleyball. Um zweete Spilldag vun der EM-Qualifikatioun konnt een Island no 25:18, 25:20 a 26:24 an de Sätz mat 3:0 klappen.
Weider geet et fir d'Rout Léiwen den 10. August mam Match géint Portugal.
Am meeschte gelies