Den Doppingfall ronderëm d'Äiskonschtlaf-Wonnerkand Kamila Valieva gëtt elo virum Internationale Sportgeriichtshaff CAS verhandelt.

D'Welt-Anti-Dopping-Agence WADA fuerdert offizielle Pabeieren no eng Spär vu véier Joer fir déi jonk Russin, dat réckwierkend op de 25. Dezember 2021. Op deem Dag gouf d'Valieva beim russesche Championnat zu St. Petersburg positiv op déi verbuede Substanz Trimetazidin getest.

Wärend den Olympesche Spiller zu Peking Ufank 2022 gouf de positiven Test eng éischte Kéier ëffentlech. Eng Kommissioun vum CAS hat déi deemools 15 Joer al Sportlerin als "geschützte Persoun" nawell un der Eenzel-Kompetitioun participéiere gelooss. No der éischter Plaz am Kuerzprogramm ass d'Valieva ënnert dem fermen Drock vun der Ëffentlechkeet spéider an der Kür zesummegebrach an ass op d'Plaz 4 zeréckgefall.

Virun der Eenzel-Kompetitioun hat déi russesch Äiskonschtleeferin mat Russland Gold an der Team-Kompetitioun gewonnen. Dës Medail a weider Erfolleger a Präisser sollen dem Valieva, falls et duerch den CAS schëlleg gesprach gëtt, nees oferkannt ginn. Deemno géing déi ganz russesch Ekipp d'Goldmedail vu Peking verléieren.

D'WADA hat der russescher Anti-Dopping-Agence RUSADA eng lescht Frist bis de 4. November ginn, fir de Fall op en Enn ze bréngen. Nodeems déi Verantwortlech aus Russland dat awer net gemaach hunn, ass d'WADA elo virun den CAS gaangen.