Nodeems Tottenham bis zur 45. Minutt mat 2:0 vir louch, huet Man City an der zweeter Hallschent een Zant zougeluecht.

En Donneschdeg stounge Matcher an der englescher Premier League, an der Coppa Italia, an zwee Matcher an der spuenescher Copa del Rey um Programm.

En Dënschdeg an e Mëttwoch ass de Ball an der englescher Premier League, am FA Cup, an der spuenescher Copa del Rey a bei der italienescher Supercoppa gerullt.

Donneschdeg

England: Premier League

Manchester City - Tottenham Hotspur 4:2
0:1 Kulusevski (44'), 0:2 Emerson Royal (45+2'), 1:2 Alvarez (51'), 2:2 Haaland (53'), 3:2 Mahrez (63'), 4:2 Mahrez (90')

Nodeems Tottenham Hotspur an der éischter Hallschent mat 2:0 gutt virgeluecht hat, konnt sech der Ekipp hiert Gléck no der Paus net halen. Kuerz nom Upëff sinn direkt zwee Goler hannertenee fir Manchester City gefall. 10 Minutten drop goung de Ball dunn nach emol an de Filet vun Tottenham an et stoung 3:2. De Mahrez huet et sech net huele gelooss, nach emol ze markéieren, an huet an der 90. Minutt op en 4:2 fir Manchester City ausgebaut.

Italien: Coppa Italia

Juventus Turin - SSD Monza 2:1
1:0 Kean (8'), 1:1 Valoti (24'); 2:1 Chiesa (78')

Spuenien: Copa del Rey

FC Villareal - Real Madrid
1:0 Capoue (4'), 2:0 Chukwueze (42'), 2:1 Vinicius Junior (57'), 2:2 Militao (69'), 2:3 Ceballos (86')

Ceuta - FC Barcelona 0:5
0:1 Raphina (41'), 0:2 Lewandowski (50'), 0:3 Fati (60'), 0:4 Kessie (77'), 0:5 Lewandowski (90')

Mëttwoch

Italien: Supercoppa

Inter Mailand - AC Mailand 3:0
1:0 Dimarco (10'), 2:0 Dzeko (21'), 3:0 Martinez (77')

Déi Blo-Schwaarz ware gutt an de Match komm. No 10 Minutten huet den Dimarco den 1:0 markéiert an an der 21. Minutt konnt den Edin Dzeko de Virsprong vu senger Ekipp op 2:0 ausbauen.

Inter hat zwar manner Ballbesëtz, huet awer däitlech méi effektiv gespillt. De Lautaro Martinez konnt an der 77. Minutt esouguer nach den 3:0 markéieren.

England: Premier League

Crystal Palace - Manchester United 1:1
0:1 Fernandes (43'), 1:1 Olise (90+1')

Nodeems de Bruno Fernandes an der 43. Minutt fir d'Red Devils getraff hat, huet et laang no enger Auswäertsvictoire fir United ausgesinn. Ma den Olise konnt an der 91. Minutt nach den Ausgläich markéieren.

Spuenien: Copa del Rey

UD Levante - Atletico Madrid 0:2
0:1 Morata (54'), 0:2 Llorente (90+1')

Athletic Bilbao - Espanyol Barcelona 1:0
1:0 De Marcos (27')

Sporting Gijón - Fc Valencia 0:4
0:1 Cavani (10'), 0:2 Kluivert (21'), 0:3 Cavani (39'), 0:4 Lino (64')

Betis Sevilla - CA Osasuna 2:4 am Eelefmeterschéissen
1:0 Carvalho(62'), 1:1 Garcia (90+1'), 2:1 Sabaly (103'), 2:2 Garcia (106')
Eeelefmeterschéissen: 0:1 Avila, 1:1 Iglesias, 2:1 Moron, 2:2 Budimir, 2:3 Moncayola,  Canales verschéisst, Barja 2:4, Rodríguez verschéisst.

Dënschdeg

England: FA Cup

Wolverhampton Wanderers -  FC Liverpool 0:1
0:1 Elliott (13')

Mat dëser Victoire huet Liverpool a säin däitschen Teammanager Jürgen Klopp am FA Cup en éischte Schratt aus der Kris gemaach. Den Harvey Elliott huet no den éischten 13 Minutte fir déi erhoffte Rou gesuergt, mat engem Dramgol - iwwer de Golkipp a knapp ënnert d'Lat.

Domat steet Liverpool elo an der véierter Ronn.

Forest Green Rovers - Birmingham City 1:2
1:0 Stevenson (8'), 1:1 Jutkiewicz (49'), 1:2 Trusty (69')

Swansea City - Bristol City 1:2
0:1 Sykes (62'), 1:1 Cooper (73'), 1:2 Bell (112')

Wigan Athletic - Luton Town 1:2
1:0 Aasgaard (47'), 1:1 Woodrow (50'), 1:2 Adebayo (90+8')

West Bromwich Albion - FC Chesterfield 4:0
1:0 Swift (23'), 2:0 Rogic (49'), 3:0 Livermore (54'), 4:0 Ajayi (90+4')

Italien: Coppa Italia

SSC Neapel - US Cremonese 2:3 (no Eelefmeterschéissen)
0:1 Pickel (18'), 1:1 Juan Jesus (33'); 2:1 Simeone (36'), 2:2 Afena-Gyan (87')

Spuenien: Copa del Rey

Real Sociedad - RCD Mallorca 1:0
1:0 Navarro (5')

Deportivo Alavés - FC Sevilla 0:1
0:1 Rakitić (48')