E Samschdeg war den zweeten Dag vum Euromeet am Schwammen.

De Max Mannes konnt sech dobäi an der Finall iwwer 200 Meter Crawl déi 5. Plaz sécheren. An der Finall iwwer 50 Meter um Réck gouf et fir de Lëtzebuerger déi 7. Plaz.

Fir de Finn Kemp gouf et an der Finall iwwer 200 Meter Brasse déi 10. Plaz.