Um éischten Dag goung et déi éischten 42,2 Kilometer vun deene 7 Deeg duerch d'Antarktis. An hei huet de Lëtzebuerger och direkt gewisen, wat an em stécht.

De "World Marathon Challenge" fuerdert d'Leeferinnen a Leefer vun dësem Event richteg eraus: 7 Marathonen a 7 Deeg, dat op 7 Kontinenter. Um kuerz no 6 Auer en Dënschdeg de Moie sinn d'Coureuren dann déi éischte Course gelaf, dat direkt op engem Kontinent, op deem d'Wiederkonditiounen extrem sinn, nämlech der Antarktis. An och beim Start waren d'Konditiounen haart, dat mat vill Wand an natierlech bei extremen Temperaturen.

An de Lëtzebuerger Pit van Rijswijck war en Dënschdeg de Moien natierlech och um Start, dat fir sech selwer en Challenge ze ginn, ma virun allem fir säi verstuerwene Papp a fir de gudden Zweck. De Papp vum Pit hat en extrem aggressive Gehiertumor, de Glioblastome. Dowéinst leeft hien och fir d'"Fondation Cancer", d'Suen, déi gespent ginn, sollen iwwert dëse Wee an d'Fuerschung vun dëser Zort Tumor goen.

Ma no der éischter Course hu sech de villen Training an d'Preparatioun virum Event gelount, de Lëtzebuerger kënnt nämlech op déi exzellenten 2. Plaz, dat mat enger Zäit vun 3:45:25, hannert dem David Kilgore aus den USA, deen eng Zäit vun 3:23:17 gelaf ass.

Zäit, fir grouss ze Paus ze maachen, gëtt et awer net, schonn e Mëttwoch goung et op de Marathon op Kapstadt a Südafrika, den 2. Februar dann op Perth an Australien, dono steet Asien um Programm, hei ass de Laf zu Dubai, dono op Madrid an Europa, Fortaleza a Südamerika a Miami an Nordamerika.

Wien de Pit wëll ënnerstëtzen, op sengem Site www.runningagainstcancer.lu fënnt een all déi néideg Informatiounen.

Hei de Reportage aus dem Magazin vum 5. September 2022

World Marathon Challenge (Reportage vum 5. September 2022)
De Pit van Rijswijck huet sech seng bis elo gréisste sportlech Erausfuerderung gesat: 7 Marathonen a 7 Deeg op 7 Kontinenter.