Vëlossport Mathieu Kockelmann gewënnt déi zweet Etapp vum Etoile de Bessèges a Frankräich

Tom Flammang
An enge vu sengen éischte Coursse bei de Profie konnt de Mathieu Kockelmann seng gutt Form direkt beweisen.
© AFP

An enge vu sengen éischte Coursse bei de Profie konnt de Mathieu Kockelmann seng gutt Form direkt beweisen. Op der zweeter Etapp vun der Etappe Course Etoile de Bessèges konnt de sech den 22 Joer jonke Coureur aus der Ekipp Lotto Intermarché no 162,8 Kilometer vu Saint - Gilles op Domessargues am Sprint virum Hollänner Dylan Groenewegen an den Italieener Matte Moschetti duerchsetzen. No der zweeter Etapp ass de Kockelmann mat engem Retard vun 10 Sekonnen de véierten am Generalklassement. Leader bléift de belsch Tom Crabbe deen déi éischt Etapp gewonnen hat. D’ Course dauert bis e Sonndeg. 2015 hat de Bob Jungels d’Etoile de Bessèges gewonnen. 2025 hat de Mathieu Kockelmann ënner anerem eng Etapp am Tour de l’Avenir gewonnen an hat sech am Skoda Tour de Luxembourg och op der Etapp vu Réimesch op Mamer kënnen duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO