Davis Cup – Gilles Muller"Jiddereen erwaart, dass et ratzfatz geet"

Tom Hoffmann
Am Tennis spillt dëse Weekend déi Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp géint d'Ukrain ëm den Opstig an d’Weltgrupp 1. Och wann d’FLT-Formatioun als Favorit an d’Partie geet, wollt de Kapitän Gilles Muller näischt dovu wëssen.
Davis Cup – Gilles Muller : "Jiddereen erwaart, dass et ratzfatz geet."
Am Tennis spillt dëse Weekend déi Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp géint d’Ukrain ëm den Opstig an d’Weltgrupp 1. Och wann d’FLT-Formatioun als Favorit

Et sinn 12 Méint hier, wou d’Lëtzebuerger Ekipp géint Litauen mat 3-1 gewonnen huet. Mat de Spiller Chris Rodesch an Alex Knaff, déi aktuell gutt a Form sinn, stinn d’Chancë gutt esou, en Exploit géint Ukrain ze widderhuelen. De Kapitän Gilles Muller gesäit awer genau do eng Gefor.

“Mir ware ganz oft an där Positioun, dass mir net de Favorit waren an hu gewonnen. Vun dohier musse mer gewarnt sinn. Et gëtt net einfach fir eis Jongen. Si waren nach net oft an där Positioun. An elo mat de Resultater vum Chris erwaart natierlech elo jiddereen, dass dat hei ganz einfach ratzfatz geet. Et gëtt e richteg schwéiere Match. Déi kënnen alleguer gutt Tennis spillen an dorop musse mer eis virbereeden.”

Wat de Gilles Muller ugeschwat huet, sinn déi zwee Titelen op der Challenger Tour, déi de Chris Rodesch rezent a Portugal gewonnen huet. Dovunner der zwee hannereneen. Dës Succèse gi Confiance fir dëse Weekend.

Teaser Davis Cup

“Jo, absolut. Ech muss dee Feeling vu Portugal an dëse Weekend mathuelen. Mee et gëtt keen einfache Match. Et si gutt Géigner. Ech muss Respekt hunn a Gas ginn.“

Den Alex Knaff hat och e gudde Start an d’Tennisjoer. Bei engem ITF-Tournoi zu Oslo stoung den 28 Joer alen Davis-Cup-Spiller an der Finall. Eng extra Motivatioun fir dëse Weekend ass och, dass dës Renconter nees virun heemesche Publik gespillt gëtt.

“Et huet ee jo déi lescht Jore gesinn, dass et mir hëlleft. Dat pusht mech an et pusht och déi ganz Ekipp. Wéi ech héieren hunn, ass sécher erëm ausverkaaft. Dat heescht, et gëtt erëm eng mega Ambiance. Wéi d’lescht Joer, hoffentlech nach méi. Ech mengen, déi ganz Ekipp freet sech einfach, fir alles kënnen ze ginn, fir och dee Support ze valoriséieren.”

De Gymnase vun der Coque wäert nees gutt gefëllt sinn. D’Tennisfederatioun informéiert, dass just nach ganz wéineg Tickete fir dës Davis-Cup-Partie ze kréie sinn.

Back to Top
CIM LOGO