Fir Manchester City gouf et eng 0:1-Defaite géint Tottenham an och Real huet sech mat 0:1 misse géint Mallorca geschloe ginn.

Am internationale Futtballchampionnat bleift den FC Bayern duerch eng Victoire zu Wolfsburg weider un der Tabellespëtzt, an Italien kënnt Neapel dem Championstitel ëmmer méi no an den FC Barcelona zitt an der spuenescher LaLiga no der iwwerraschender Defaite vu Real Madrid ëmmer méi dervun. Fir Manchester City gouf et an England iwwerdeems e Réckschlag géint d'Spurs.

Bundesliga

Stuttgart - Bremen 0:2
0:1 Stage (59'), 0:2 Duksch (77')

Bremen huet sech am Duell géint Stuttgart dräi wichteg Punkte géint den Ofstig geséchert a kann elo souguer a Richtung Europa kucken. An enger opreegender éischter Hallschent kruten d'Spectateuren zu Stuttgart bis op Goler vill ze gesinn. Nom Säitewiessel huet Bremen da seng Chance genotzt an ass no enger knapper Stonn duerch de Stage a Féierung gaangen. An enger hektescher Phas wou d'Lokalekipp den Ausgläich wollt huet den Duksch dann awer mat sengem Gol zum 2:0 de Match entscheet an d'Victoire fir Bremen geséchert.

Wolfsburg - Bayern 2:4
0:1 Coman (9'), 0:2 Coman (14'), 0:3 Müller (19'), 1:3 Kaminski (44'), 1:4 Musiala (73'), 2:4 Svanberg (81')

E geckege Match ass et zum Ofschloss vum 19. Spilldag zu Wolfsburg ginn. Mat dräi Goler bannent den 19 éischte Minutten hätt ee gemengt, d'Partie wier fir den däitsche Rekordmeeschter scho fréi entscheet. Mam Gol zum 1:3 duerch de Kaminski kuerz virun der Paus huet een d'Spannung dann op mannst liicht fir déi zweet Hallschent gehalen. Déi huet den FC Bayern vun der 54. Minutt un nëmmen nach zu 10 gespillt, wéi de Kimmich déi Giel-Rout Kaart gesinn huet. Wolfsburg war an Iwwerzuel zwar déi besser Ekipp, konnt dovun awer net profitéieren a muss sech um Enn geschloe ginn.

Premier League

Nottingham - Leeds 1:0
1:0 Johnson (14')

Tottenham - Manchester City 1:0
1:0 Kane (15')

Manchester City huet d'Chance verpasst op Arsenal opzeschléissen. Am Match géint Tottenham gouf et no engem Gol vum Harry Kane eng knapp Defaite. No 15 Minutte louch de Ball vum englesche Stiermer am Gol, dee mat sengem 267. Gol fir d'Spurs elo de beschte Buteur an der Veräinsgeschicht ass. D'Gäscht aus Manchester war zwar déi besser Ekipp, ma déi néideg Golchancen hunn hinnen awer gefeelt. Um Enn gëtt et fir City näischt ze huelen.

Serie A

La Spezia - Neapel 0:3
0:1 Kvaratskhelia (47'), 0:2 Osimhen (68'), 0:3 Osimhen (73')

Neapel bleift weider um richtege Wee a Richtung Championstitel. Hate si sech am Duell géint La Spezia nach an den éischte 45 Minutte schwéier gedoen e Wee laanscht déif stoend Géigner ze fannen, ass an der zweeter Hallschent den Tabelleleader an d'Rulle komm. De Kvaratskhelia konnt kuerz no der Paus d'Féierung markéieren an den Osimhen huet mat sengen zwee Goler fir den 3:0 Endstand gesuergt.

Inter Mailand - AC Mailand 1:0
1:0 Martinez (34')

Ligue 1

Clermont - Monaco 0:2
0:1 Maripan (3'), 0:2 Embolo (13')

Marseille - Nice 1:3
0:1 Diop (38'), 0:2 Laborde (44'), 1:2 Malinovskyi (60'), 1:3 Brahimi (85')

La Liga

Mallorca - Real Madrid 1:0
1:0 Nacho (13')

Den aktuellen Tabellenzweeten an der spuenescher LaLiga huet wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel leie gelooss. Duerch e Selbstgol vum Nacho an der 13. Minutt sinn déi Kinneklech fréi engem Réckstand hannendru gelaf. Géint d'Ekipp vu Mallorca, déi sech ganz déif an déi eegen Hallschent gestallt hat, ass et Real net gelongen e Wee a Richtung Gol ze fannen. Och am zweeten Duerchgang war d'Gléck net op der Säit vun de Gäscht aus Madrid. An der 60. Minutt war et den Asensio, deen en Eelefmeter verschoss an domat d'Chance op den Ausgläich verpasst huet. Um Enn bleift et bei der knapper Defaite.

FC Barcelona - FC Sevilla 3:0
1:0 Jodri Alba (58'), 2:0 Gavi (70'), 3:0 Raphinha (79')