NFL Super BowlChiefs séchere sech den Titel an enger knapper Finall géint d'Eagles

Kevin Kayser
An der Paus vum Super Bowl LVII war de schwangere Superstar Rihanna opgetrueden.
© Photo by EZRA SHAW / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Mat engem 10-Punkten-Avantage (24:14) sinn d’Eagles an dëser Partie an d’Paus gaangen. Ma an der zweeter Hallschent hunn d’Chiefs opgedréint an de Match zu hire Gonschte gedréint. 11 Sekonne viru Schluss hu si duerch e Fieldgoal mat 38:35 gewonnen.

De Resumé vum Match

© Photo by Christian Petersen / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Béid Ekippen, esouwuel d’Eagles, déi als éischt de Ballbesëtzt haten, wéi och d’Chiefs konnten direkt an hirem éischten Drive en Touchdown markéieren. D’Chiefs konnten dono d’Eagles stoppen, hunn hire Fieldgoal awer verschoss. Direkt mam éischte Spillzuch vum zweete Véierel hunn d’Eagles dunn e weideren Touchdown markéiert a si 14:7 a Féierung gaangen. Ma an hirem nächste Ballbesëtz war d’Ekipp aus Philadelphia net méi esou glécklech. Duerch e Fumble vun hirem Quarterback Hurts konnt d’Defense vun den Chiefs en Touchdown markéieren an de Match nees ausgläichen. Mat 2 Minutten an 20 Sekonnen virun der Paus konnten d’Eagles, dëst d’Kéier duerch den Hurts, nees a Féierung goen, dat mat 21:14. Ma den Drive vun den Chiefs ass net wäit komm an esou kruten d’Eagles de Ball mat nach knapp 80 Sekonnen op der Auer zeréck, dat an enger gudder Positioun. Kuerz virun der Paus, éier d’Rihanna opgetrueden ass, konnten d’Eagles hir Féierung esouguer nach op 24:14 ausbauen.

An der Paus huet de Superstar Rihanna e Medley aus senge bekanntste Lidder zum Beschte ginn. Ma ville Leit, grad an de soziale Medien, ass eppes anescht opgefall: Ass d’R&B-Sängerin eng weider Kéier schwanger? Wärend der zweeter Hallschent gouf d’Rumeur du bestätegt: Jo, d’Rihanna ass nees schwanger.

© Photo by Sean M. Haffey / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

D’Chiefs kruten no der Paus de Ball a kruten direkt mat hirem éischten Drive no der laanger Paus en Touchdown hin an hunn esou op 21:24 verkierzt. Dono war et un hirer Defense, déi d’Attack vun de Eagles zwar net komplett stoppe konnt, ma se just bei engem Fieldgoal hale konnt. Well dësen Drive vill Zäit kascht huet, kruten d’Chiefs de Ball knapp virum Enn vum drëtte Véierel erëm, datt mat engem 6-Punkte-Réckstand. Séier konnte si awer de Ball an d’Endzon bréngen a goungen dowéinst eng éischte Kéier an dëser Partie, beim Stand vum 27:26 a Féierung. Mam nächste Ballbesëtz konnten d’Eagles näischt ufänken, am Contraire esouguer huet d’Special Team vun den Chiefs hir Offense no engem Puntreturn op 5 Yards bruecht huet an de Mahomes a seng Jongen hunn déi siwe Punkte geséchert a sech domadder e 35:27-Avantage mat eppes manner wéi 10 Minutten op der Auer erausgespillt. Direkt mam nächste Ballbesëtzt konnten d’Eagles 8 Punkten, also en Touchdown mat 2-Point-Conversion, maachen an nees ausgläichen. D’Chiefs hu sech bei hirem leschte Ballbesëtzt Zäit gelooss, fir, sollte si Punkte maachen, den Eagles just wéineg Zäit ze loossen, fir dësen ze konteren. Gelongen ass hinnen dat mat engem Fieldgoal 11 Sekonne viru Schluss. Déi Zäit, déi iwwreg bliwwen ass, sollt den Eagles net méi duergoen, fir nach eppes draus ze maachen, esou datt d’Chiefs zum Schluss knapp 38:35 gewannen.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO