De Luca Wolter zielt zu deene beschten Keelen-Nowuessspiller hei am Land an hëlt eis mat op d’Keelebunnen.
Et stëmmt wuel, dass dat nationaalt Keelen a méi enger gemittlecher Ambiance gespillt gëtt ewéi d'Sportkeelen. Ma et sollt een d'Saach net ënnerschätzen, well och hei gi Matcher gespillt. De Keelesport ass kierperlech ustrengend. Eppes wat sech vill Leit net kenne virstellen.
Dem Luca Welter no, wier de Klischee vum Keelen als Bopesport dowéinst kengesfalls gerechtfäertegt: "Et ass ustrengend. Du brauchs de ganze Kierper dofir. Et geet vill un d'Beemuskelen an och un d'Äerm".
Am Reportage hëlt de Luca eis mat an e Café op d'Bunne vum nationale Keele-Veräi "Bieles 2000" an op Péiteng an den nationalen Zenter fir Sportkeelen. Keelen ass e Sport, dee vill Leit net direkt um Schierm hunn, obwuel d'Lëtzebuerger weltwäit op zweeter Plaz stinn a schonn 49 Welt- an Europameeschtertitele mat heem bruecht hunn.
Mir kucken eis d'Ënnerscheeder tëscht dem nationalen an dem Sportkeelen un a froen no, wéi et ëm den Nowuess an dësem Sport steet.