Den Interview mat der Nationalspillerin no der EM-Quali a virum Eenzelchampionnat.

Och wann et an der leschter Partie an der Europameeschterschaftsqualifikatioun fir déi Lëtzebuerger Dëschtennis-Dammen eng 0-3 Defaite géint Serbien gouf, esou hu sech Sarah de Nutte a Co. awer souverän als Gruppenéischte fir d'EM am September zu Malmö a Schweden qualifizéiert. Mat den nationalen Eenzelmeeschterschafte steet awer lo de Weekend schonn deen nächsten Héichpunkt um Programm.

De Grondsteen an der Qualifikatioun fir bei der Europameeschterschaft vum 10. bis den 17. September zu Malmö dobäi ze sinn, gouf mat der Victoire géint Éisträich geluecht. An der leschter Partie géint Serbien hat ee sech natierlech en anert Resultat erhofft, seet d'Nationalspillerin Tessy Gonderinger.

"Trotzdeem, wa mer op déi ganz Gruppephas vun der EM zeréckkucken, hu mer insgesamt eng mega gutt Ekippeleeschtung vollbruecht. Mir hunn géint Ekippe gewonnen. déi um héchsten europäeschen Level spillen. Dat hate mir am Virfeld och net onbedéngt geduecht."

An der Partie géint Serbien war d'Ni Xia Lian dëst Kéier net dobäi. Dat nämmlecht gëllt fir déi fënneffach Olympionickin och elo de Weekend fir d'Eenzelmeeschterschaften an der Coque. D'Tessy Gonderinger freet sech ëmmer op dëse Rendezvous. Dat éischt grousst Zil ass do emol an d'Finall ze kommen:

"Op deem Wee wäert ech och op vill vun deene jonke Nowuesstalenter treffen, an déi sinn am Moment amgaangen, vill Fortschrëtter ze maachen."An der Final géif dann d'Sarah de Nutte normalerweis waarden. Vum Niveau hier ass d'Profispillerin de Nutte sécherlech besser wéi dFondamentaljoffer Gonderinger:

"Trotzdeem sinn ech mega motivéiert, fir eng Kéier Landesmeeschterin a mengem Liewen ze ginn. Ech weess awer och, datt meng Chancen net déi allerhéchste sinn. Et muss awer alles optimal lafen. Ech muss och am Kapp prett sinn, an dru gleewen, datt ech ka gewannen."

D'Tessy Gonderinger huet de Weekend op jiddwerfalls wëlles, alles ze probéieren, datt d'Sarah de Nutte net hiren 11. Championstitel am Eenzel ka feieren. Am Laf vum Freideg den Owend koum dunn d'Nouvelle, datt d'Sarah De Nutte hir Participatioun fir de Weekend ofgesot huet.

Bei den Häre sinn den Eric Glod an de Luca Mladenovic déi grouss Favoritten.

Dëschtennis Tessy Gonderinger / Reportage Franky Hippert