A 486 Deeg fänken zu Paräis déi 33. Olympesch Summerspiller un. Do soll et dann och e sougenanntend "Luxembourg House" an der franséischer Haaptstad ginn.

Viru 7 Joer gouf et op den Olympesche Spiller zu Rio schonn eng Softversioun vun esou engem Lëtzebuerger Haus. Lo d'nächst Joer fir Paräis wëllt een dat beim Lëtzebuerger Comité Olympique esou änlech upaken, wéi aner Natiounen dat scho méi laang maachen, dozou de President vum COSL André Hoffmann:
"Wou mer e lieu de rencontre hätten, op der Plaz, fir d'Lëtzebuerger, wou Lëtzebuerg och kéinte presentéieren, nom Motto "Let's make it happen", eng Presenz fest op der Plaz hunn. Mä wéi sou oft gëtt et näischt fir nächst, do mussen och nach aner Ministèren d'Accord sinn, Budgeten fräi ze ginn."

28/03/2023 18h30 Paräis2024 mat Lëtzebuegrer Haus

D'Olympesch Spiller zu Paräis sinn d'nächst Joer vum 26. Juli bis den 11. August. Quasi genee wärend där Zäit gëtt och un enger Bréck zu Beetebuerg geschafft, esou datt keen TGV tëscht Lëtzebuerg an Paräis kéint fueren:
"Do probéiere mer eis awer elo emol nach ze wieren, souvill mer da kënnen, mir sinn elo nëmmen e Sportverband, mä ech mengen do misst et awer méiglech sinn, der CFL nozeleeën, dat dann ëm 3 Wochen ze vertässelen. Ech weess net genee u wat et läit, zemol wann dat Lëtzebuerger Haus eppes gëtt, an zemol wa Lëtzebuerg sech do wëll presentéieren."

Et kënnt jiddwerfalls net esou dacks vir, datt d'Olympesch Summerspiller esou no virun der Lëtzebuerger Hausdier sinn...déi lescht ware jo zu Tokio an Japan, an déi nächst no Paräis, sinn 2028 zu Los Angeles an den USA.