
Et ass déi 25. Editioun vun den Olympesche Wanterspiller. Ofgehale gi se, no 1956 an 2006, fir déi drëtte Kéier am Norde vun Italien. Mat Mailand a Cortina d’Ampezzo ginn et, fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun de Spiller, zwee Standuerter, déi offiziell invitéieren. D’Competitioune wäerte sech am italieeneschen Deel vun den Ostalpen op sechs verschidde Plaze verdeelen.

Ronn 2.900 Sportler aus 92 Natioune wäerte vum 6. bis den 22. Februar a 16 Disziplinnen ëm d’Medaile kämpfen. Zirka 1.700 dovu ginn am olympeschen Duerf zu Mailand aquartéiert, wou d’Sportaarten Äiskonschtlaf, Äisschnelllaf an Äishockey um Programm stinn. Déi Anlag wäert no de Paralympics zu Studentewunnengen ëmgebaut ginn. En zweet, provisoresch Duerf ass zu Cortina opgeriicht ginn.

D’Ouvertureszeremonie wäert e Freideg 6. Februar am Guiseppe-Meazza-Futtballstadion ofgehale ginn, an dem Matthieu kënnt dobäi d’Éier zou, de Lëtzebuerger Fändel dierfen ze droen. Dee Moment hunn d’Competitiounen am Äishockey, Curling a Snowboard awer schonn ugefaangen.
Fir Lëtzebuerg sinn d’Gwyneth ten Raa an de Matthieu Osch, allebéid am Slalom an am Riseslalom, op den Olympesche Wanterspiller dobäi.
Samschdeg 7.2.:
Descente /Männer (11.30 Auer)
Sonndeg 8.2.:
Descente/Fraen (11.30 Auer)
Méindeg 9.2.:
Schisprangen Normalschanz/Männer (19 Auer)
Dënschdeg 10.2.:
Biathlon Eenzel/Männer (13 Auer)
Mëttwoch 11.2.:
Super-G/Männer (11.30 Auer), Biathlon Eenzel/Fraen (14.45 Auer)
Donneschdeg 12.2.:
Super-G/Fraen (11.30 Auer)
Freideg 13.2.:
Biathlon Sprint/Männer (14 Auer)
Samschdeg 14.2.:
Riseslalom/Männer (10 Auer, 13.30 Auer) mam Matthieu Osch, Schisprangen Groussschanz/Männer (18.45 Auer)
Sonndeg 15.2.:
Riseslalom/Fraen (10 Auer, 13.30 Auer) mam Gwyneth ten Raa, Biathlon Verfollgung/Männer (11.15 Auer) a Fraen (14.45 Auer)
Méindeg 16.2.:
Slalom/Männer (10 Auer, 13.30 Auer) mam Matthieu Osch, Schisprangen Team/Männer (19 Auer)
Dënschdeg 17.2.:
Nordesch Kombinatioun Groussschanz/Männer (10 Auer, 13.45 Auer), Biathlon-Staffel/Männer (14.30 Auer)
Mëttwoch 18.2.:
Slalom/Fraen (10 Auer, 13.30 Auer) mam Gwyneth ten Raa, Biathlon-Staffel/Fraen (14.45 Auer)
Freideg 20.2.:
Biathlon-Massestart/Männer (14.15 Auer)
Samschdeg 21.2.:
Biathlon-Massestart/Fraen (14.15 Auer)
Sonndeg 22.2.:
Véierer-Bob Männer (10 Auer), Äishockey-Finall/Männer (14.30 Auer)
D’Ofschlossfeier vun de XXV. Olympesche Wanterspiller wäert e Sonndeg 22. Februar um 20.30 Auer an der Arena zu Verona ufänken.

Fir déi éischte Kéier olympesch gëtt de sougenannte Ski Mountaineering, kuerz Skimo (=Ski-Biergsteigen). Sportlerinnen a Sportler lafe mat Schier de Bierg erop a fueren dann nees dee Bierg erof. Verschidden Deeler vun der Streck muss een ze Fouss goen, bei anere mussen d’Schier geholl ginn. Fir eropzeklamme sinn d’Schi mat engem besonnesche Stoff bezunn, dee sech wéi e pechegen Tapis ufillt. Uewen um Bierg maache se dee Belag erof, fir méi séier kënnen erof ze fueren. Donieft hunn d’Participanten e Rucksak un, un deem d’Schi festgemaach ginn, wa se se ausdoe mussen. 2002 waren am Skimo déi éischt Weltmeeschterschaften. Duerch d’Olympesch Spiller soll d’Sportaart méi bekannt ginn.
Bei der Italieenerin Rebecca Passler ass am Virfeld vun de Spiller Letrozol nogewise ginn. D’Mëttel gëtt normalerweis genotzt, fir den Niveau vum Östrogen erof ze setzen, deen zum Beispill duerch Anabolika méi héich kéint sinn. Dowéinst steet d’Mëttel zanter 2008 op der Lëscht vun de verbuedene Substanzen. Letrozol gëtt allerdéngs och agesat als Mëttel bei Broschtkriibs am Ufanksstadium. D’Biathletin muss sech elo erklären.
