Olympesch WanterspillerMatthieu Osch: "Ech géif soen, datt de Slalom meng besser Disziplin ass"

Tim Hensgen
E Freideg fänken déi Olympesch Wanterspiller an Italien un. D'Gwyneth ten Raa an de Matthieu Osch sinn als déi zwee eenzeg Lëtzebuerger Athleten mat dobäi.
Matthieu Osch: "Ech géif soen, datt de Slalom meng besser Disziplin ass"
E Freideg fänken déi olympesch Wanterspiller an Italien un. D’Gwyneth ten Raa an de Matthieu Osch sinn als déi zwee eenzeg Lëtzebuerger Athleten mat dobäi.

Et ass net alles Gold wat glänzt. Duerch de Retard bei den Aarbechte ginn d’Spiller net nëmmen vill méi deier, mee zwou speziell Bunnen an d’Gondel zu Cortina erop an d’Schigebitt, sinn nach guer net fäerdeg. Alles kee Problem fir d’Athleten am Schi Alpin. De Matthieu Osch huet seng Competitiounen, de Slalom an de Riseslalom, de 14. a 16. Februar. D’Gwyneth ten Raa fiert de 15. an 18. Februar. Béid COSL-Athlete fille sech perfekt encadréiert.

Raymond Conzemius, Chef de Missioun vum COSL:Eis Roll als COSL ass et déi optimal Konditiounen ze schaffen. Wat anescht ass, ass datt hei eng ganz Ekipp ronderëm d’Gwyneth op Cortina, eng ganz Ekipp ronderëm de Matthieu, déi kommen op Bormio, ass. Dat ass e familiäre Kontext. Déi kenne sech, déi reese zesumme vu Course zu Course an déi kommen elo bei eis och op Bormio. Mir wëllen am mannste stéiere, respektiv am meeschte fërderen. Also hoffen mir, datt mir eng kleng Hëllef fir hiren Encadrement op der Plaz sinn an datt mir net am Wee stinn.”

De Matthieu Osch reest fir seng drëtte Participatioun bei de Olympesche Wanterspiller en Donneschdeg un a wäert zu Bormio de Lëtzebuerger Fändel droen. De 26 Joer ale Sportzaldot wëll seng 28. Plaz am Riseslalom vu Peking verbesseren.

Matthieu Osch:Ech géif soen, datt de Slalom meng besser Disziplin ass. Dat heescht, do trauen ech mir villäicht e bësse méi zou. Ech sinn zwar elo bei deene leschten zwee Wanterspiller net an d’Zil komm beim Slalom. Dofir wäert et och elo net all ze schwéier sinn, dat Resultat ze toppen. Mee do trauen ech mir méi zou an hoffen, datt ech do natierlech och e gutt Resultat ka maachen.”

D’Gwyneth ten Raa ass mat hiren 20 Joer fir déi zweete Kéier bei Olympesche Wanterspiller mat dobäi a fiert, anescht ewéi de Matthieu Osch, hir Courssen net zu Bormio, mee op der legendärer Pist zu Cortina d’Ampezzo. E Freideg ass déi offiziell Ouverture op 4 verschiddene Plazen, ugefaange mam San Siro Stadion zu Mailand.

Liest dozou och dësen Artikel:

Alles wat ee wësse muss
Dës Woch fänken d'Olympesch Wanterspiller un

Back to Top
CIM LOGO