De fréieren Trainer Christophe Ney hat jo schonn am Virfeld annoncéiert, aus perséinleche Grënn no der Saison opzehalen.

Wéi de Veräi op de soziale Medie matdeelt, wäert de de fréieren Nationalspiller Chris Wulff, niewent der Härenekipp bei de Senioren, och d'Leedung vun de Cadets- an Espoiresekippen iwwerhuelen.

Rezent war hie jo Headcoach bei Sparta Bartreng, dat fir 2 Saisonen.