D'Lëtzebuerger Hären-Nationalekipp huet hir Halleffinall um Sonndegmoie géint d'Schwäiz 2:3 verluer.

An der Halleffinall vum Playoff fir d'EM-Qualifikatioun a Kroatien huet sech Lëtzebuerg der Schwäiz knapp mat 2:3 musse geschloe ginn a verpasst soumat d'Participatioun un der Ekippen-Europameeschterschaft 2023 zu Malmö a Schweden.

Den Eric Glod war am éischte Match géint den Elias Hardmeier knapp mat 2:3 ënnerleeën, obwuel de Lëtzebuerg tëschenzäitlech 2:0 a Féierung louch. De Schwäizer Spiller huet awer e Comeback gefeiert a sech de Match nach geséchert.

De Luka Mladenovic an de Maël van Dessel hunn uschléissend hir Matcher jeeweils 3:1 gewonnen, soudass d'Rout Léiwen 2:1 an Avantage louchen.

A sengem zweete Match huet de Luka Mladenovic 1:3 géint den Hardmaier, de viregte Géigner vum Eric Glod, verluer. Am leschten Eenzel konnt den Eric Glod de Sak fir Lëtzebuerg zoumaachen, huet awer kloer 0:3 géint de Loic Stoll de Kierze gezunn.