NFL-Ekipp Commanders fir sechs Milliarden Dollar verkaaft

© AFP
D'Washington Commanders aus der National Football League gi fir eng Rekordzomm un en neie Besëtzer.
E Konsortium ëm den Investisseur Josh Harris huet sech mat den aktuelle Proprietären Dan an Tanya Snyder op de Verkaf vum Football-Team gëeenegt, der Tëleeschaîne ESPN no fir eng Rekordzomm vu 6,05 Milliarden Dollar (ronn 5,6 Milliarden Euro). Am August zejoert waren d'Denver Broncos fir déi deemoleg Rekordzomm vu 4,65 Milliarden Dollar verkaaft ginn.
"Mir si ganz zefridden, eis mam Josh Harris, deen aus der Regioun kënnt, a sengem beandrockende Grupp vu Partner op e Verkaf vun der Commanders-Franchise gëeenegt ze hunn. Mir freeën eis drop, datt de Verkaf geschwënn ofgeschloss gëtt an dorop, de Josh a seng Ekipp an den nächste Joren ze ënnerstëtzen", sou den Dan an d'Tanya Snyder an enger Stellungnam. D'NFL muss dem Verkaf nach zoustëmmen, wat awer als sécher gëllt.
De Josh Harris wäert domadder bei der drëtter US-Sportsekipp eraklammen. Him gehéieren Undeeler um Basketball-Team Philadelphia 76ers an dem Äishockey-Team New Jersey Devils. D'Commanders haten déi lescht zwee Joer d'Playoffs verpasst, fir d'lescht hu si et 2005 iwwert déi éischt Ronn eraus gepackt.