
Den Alberto Bettiol huet e Freideg aus enger Echappée eraus déi 13. Etapp am Giro d'Italia gewonnen. Den Italieener hat an der leschter Montée vum Dag aus der Echappée eraus attackéiert an hat um Enn eng Avance vu 26 Sekonnen op den Norweger Andreas Lenknessund. Den Norweger hat an der Montée d'Initiativ ergraff, ma de Bettiol hat sech nees un hien erugekämpft a war kuerz virun der Biergwäertung vun der 3. Kategorie laanschtgezunn.
Fir de Bettiol ass et déi zweeten Etappevictoire am Giro. 2021 hat hie schonn eng Kéier eng Etapp gewonnen.
Leader am General bleift den Afonso Eulalio. De Portugis huet nach ëmmer 33 Sekonnen Avance op den Dän Jonas Vingegaard.
1 Bettiol Alberto XDS Astana Team 3:51:33
2 Leknessund Andreas Uno-X Mobility 0:26
3 Stuyven Jasper Soudal Quick-Step 0:44
4 Valgren Michael EF Education - EasyPost ,,
5 Donovan Mark Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team ,,
6 Kench Josh Groupama - FDJ United ,,
7 Bjerg Mikkel UAE Team Emirates - XRG 1:33
8 Busatto Francesco Alpecin - Premier Tech 1:35
9 Hoelgaard Markus Uno-X Mobility ,,
10 Sevilla Diego Pablo Team Polti VisitMalta ,,
1 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious 52:15:17
2 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:33
3 Arensman Thymen Netcompany INEOS 2:03
4 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 2:30
5 O'Connor Ben Team Jayco AlUla 2:50
6 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 3:12
7 Storer Michael Tudor Pro Cycling Team 3:34
8 Gee-West Derek Lidl - Trek 3:40
9 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 3:42
10 10 - Harper Chris Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 4:15