Fola a Käerjeng spille Barragematcher, Ettelbréck fält eraus

© Roland Miny / pressphoto.rtl.lu
Den FC Monnerech ka sech duerch eng Victoire géint Rouspert den definitive Maintien an der BGL Ligue sécheren. Hesper feiert den éischte Championstitel.
Den Opsteiger Monnerech gewënnt säi Match zu Rouspert mat 2:1 a profitéiert zäitgläich vun enger Néierlag vun der Escher Fola zu Stroossen. Monnerech hätt awer och beim selwechte Punktestand déi besser Goldifferenz gehat. Et war keen héichklassege Match mat wéineg Golchancen op all Säit. Beim éischte geféierleche Schoss vun de Monnerecher war de Ball am Filet gelant. Monnerech huet duerno weider op Konter gelauert. Direkt no der Paus ass hunn d'Gäscht den zweete Gol geschoss an domat war et scho fréi kloer, dass Monnerech eng weider Saison an der héchster Divisioun vum Lëtzebuerger Futtball wäert spillen. Ze erwänen ass nach, dass am Match ganzer néng Giel Kaarte gewise goufen.
No engem 0:1 zu Stroossen bleift d'Fola op der 13. Plaz a spillt domat e Barragematch.
D'UN Käerjeng huet sech mat enger 3:2-Victoire zu Wolz déi zweet Barrageplaz geséchert. Vu béiden Ekippe war an der éischter Hallschent net vill komm, mee Käerjeng wosst seng Chancë besser ze verwäerten a goung mat 2:0 an d'Kabinnen. Nom Säitewiessel war Wolz zweemol nach eng Kéier erukomm, mee Käerjeng huet sech bis zum Schluss kënne behaapten.

© RTL / Numa Wio
D'Etzella Ettelbréck steet no enger 2:3-Defaite zu Péiteng als zweeten Ofsteiger nieft Hueschtert fest. Ettelbréck hat wuel gutt Méiglechkeeten, fir e Gol ze schéissen, mee et waren déi Péitenger, déi mat 1:0 an d'Paus goungen. Nodeems d'Lokalekipp op 2:0 erhéicht hat, hat ee gemengt, de Match wär eriwwer, mee d'Etzella ass nach eng Kéier zeréckkomm an huet siwe Minutte virum Schluss den Ausgläich markéiert. An der Nospillzäit huet Péiteng dann den Deckel dropgemaach an Ettelbréck direkt an d'Éierepromotioun geschéckt.
No der 2:3-Defaite vun Ettelbréck, muss d'Etzella de sauere Wee an d'Éierepromotioun untrieden.
Ganz uewen an der Tabell war jo schonn zënter zwou Woche kloer, dass de Swift Hesper eng éischt Kéier an der Veräinsgeschicht de Meeschtertitel feiere kann. Si kruten d'Meeschtercoupe nom leschte Match zu Nidderkuer aus den Hänn vum FLF-President Paul Philip iwwerreecht.

© RTL
D'Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)
Progrès Nidderkuer - Swift Hesper 2:2
0:1 Stolz (15'), 1:1 Hend (18', Eelefmeter), 1:2 Philippe (58'), 2:2 De Almeida (85')
Jeunesse Esch - F91 Diddeleng 4:2
1:0 Mogni (27'), 2:0 Deruffe (44'), 2:1 Hadji (45'+1), 3:1 Arénate (45'+2), 3:2 Hadji (46'), 4:2 Deidda (90'+1)
Union Titus Péiteng - Etzella Ettelbréck 3:2
1:0 Pina Gomes (9'), 2:0 Steinmetz (58'), 2:1 Rapaille (61'), 2:2 Curic (83'), 3:2 Steinmetz (90'+4)
Victoria Rouspert - FC Monnerech 1:2
0:1 Alunni (22'), 0:2 M'Barki (48'), 1:2 Carratala-Jimenez (88')
FC Wolz - UN Käerjeng 2:3
0:1 Barbaro (17'), 0.2 Leroux (22'), 1:2 (Vaccaro (51'), 1:3 Fostier (62'), 2:3 Timmermans (74')
UNA Stroossen - Fola Esch 1:0
1:0 Baillet (90'+6)
US Hueschtert - US Munneref 2:5
0:1 Fernandes (21'), 0:2 Fernandes (35'), 0:3 Mendes (43'), 1:3 Bonet (58'), 1:4 Bekkouche (60'), 2:4 Bonet (66'), 2:5 Abdelkadous (68')
Racing Union - FC Déifferdeng 0:1
0:1 Trani (59')