Nom leschte Spilldag vum Championnat goufen d'Partië fir de Barrage gezunn.

Et ware jeeweils zwou Ekippen aus der BGL Ligue an aus der Éierepromotioun an der Zéiung: d'Fola Esch a Käerjeng als 13. respektiv 14. vun der ieweschter Divisioun a Beetebuerg a Kanech als 3. respektiv 4. aus der zweethéchster Spillklass.

Beim Tirage e Sonndeg um 19 Auer goufen d'Partië Käerjeng géint Beetebuerg a Fola géint Kanech gezunn. D'Plaz, wou déi respektiv Matcher ausgedroe ginn, gëtt nach bekannt ginn.

De Match tëscht der Fola Esch a Kanech gëtt de 25. Mee gespillt um 19.30 Auer am Stade Achille Hammarel an der Stad. De Match Käerjeng géint Beetebuerg ass fir de 27. Mee um 19 Auer am Stad e Jos Haupert zu Nidderkuer programméiert. Hei geet et drëms, fir an der BGL Ligue ze bleiwen respektiv fir dohin ze klammen.

Och an den ënneschten Divisioune goufen d'Matcher fir de Barrage gezunn.