Fir déi Déifferdenger ass et déi 5. Coupe an der Veräinsgeschicht.

Déifferdeng wënnt d'Coupe / Reportage Gilles Tricca

Bei enger exzellenter Kuliss vun offiziell 8.385 Spectateuren am Stade de Luxembourg huet Déifferdeng e Freideg den Owend d'Finall vun der Coupe de Luxembourg mat 4:2 géint Miersch aus der Éierepromotioun gewonnen. Fir déi Déifferdenger hunn den de Castro, den Oliveira, den Naifi an de Pomponi d'Goler markéiert. Duerch de Succès spillt den FCD03 déi nächst Saison europäesch.

Um RTL Play fannt Dir de Replay vum Match.

Béid Formatiounen hunn an den Ufanksminutte ganz wéineg riskéiert an hunn emol hir Marke gesicht. Den FC Déifferdeng hat déi éischt relativ geféierlech Aktioun an der 9. Minutt, wéi den Erico Castro geféierlech geflankt hat an de Stéphan Moussima sech am Gol laang gemaach huet. 4 Minutten drop hat de Kevin D’Anzico no engem Corner geféierlech gekäppt.

Déi Mierscher Verteidegung huet keng sécher Impressioun hannerlooss an huet vill zougelooss. Esou och no enger Véierelsstonn, wéi de Mohammed Naifi den Erico Castro ugespillt huet. Den Déifferdenger Stiermer huet aus ganz gudder Positioun laanscht geschoss. De Castro hat et no 31 Minutte besser gemaach an dat no enger Flank vum Ulisses Oliveira. Nodeems keen anere Spiller un de Ball koum, huet den Erico Castro den 1:0 fir den FCD03 markéiert.

Wéi 36 Minutte gespillt waren, hat den Déifferdenger Golkipp Christoffer Mafoumbi ganz riskant degagéiert, mee déi Mierscher konnten net dovu profitéieren. D’Marisca huet déi Déifferdenger nees an der 40. Minutt erféiert, wéi de Benny Bech vun engem Déifferdenger Feeler profitéiert hat, fir de Ball an Direktioun Déifferdenger Gol ze schéissen. De Juan Bedouret huet kuerz virun der Linn gerett.

An der 42. Minutt huet den FC Déifferdeng op 2:0 erhéicht, dat no engem ganz gutt placéierten a feste Schoss vum Ulisses Oliveira. En 2-Goler-Avantage war schonn eng Tendenz beim Säitewiessel.

Direkt no der Paus waren déi Mierscher geféierlech, mee den Ernest Agovic koum just net un de Ball. No 65 Minutten hunn déi Mierscher verkierzt, dat an enger Phas wou si definitiv besser gespillt haten. De Joel Rodriguez huet ee ganz schéine Gol markéiert aus ronn 16 Meter. Ganz wichteg war de Gol vum Mohammed Naifi no engem Service vum Guillaume Trani no 71 Minutten. Den 3:1 ass an där Phas gefall, wou déi Mierscher richteg Drock gemaach hunn.

Trotzdeem war d’Marisca net aus dem Match eraus. De Benny Bresch hat no 75 Minutte bal verkierzt, dat no engem Feeler vun der Déifferdenger Defense. No riskanten Auswiesslunge vum Déifferdenger Trainer huet den FCD03 seng spilleresch Linn e wéineg verluer. Miersch huet weider dru gegleeft an huet no 82 Minutten op 2:3 verkierzt. De grad agewiesselte Frédéric Thill huet vun engem Service vum Benny Bresch profitéiert, fir de Ball eranzekäppen.

Déi definitiv Decisioun ass an der 92. Minutt gefall, wéi den agewiesselte Laurent Pomponi aus gudder Positioun de 4:2 geschoss huet. D’Pass war vum Gianluca Bei.
Miersch konnt du net méi reagéieren.