Leipzig gewënnt d'Finall géint Frankfurt 2:0. Am engleschen FA Cup huet sech Manchester City 2:1 géint Manchester United duerchgesat.

DFB-Pokal

Leipzig - Frankfurt 2:0
1:0 Nkunku (71'), 2:0 Szoboszlai (85')

An der Finall vun der däitscher Coupe huet sech Leipzig um Enn géint Frankfurt behaapt an domat säin Titel aus der viregter Saison verdeedegt. Am éischten Duerchgang kruten d'Zuschauer bal keng Strofraumaktiounen ze gesinn, well d'Verteidegungen op béide Säite gutt géint de Ball geschafft hunn. Wann et zu Golchancë koum, war et éischter duerch Zoufall.

An der zweeter Hallschent huet et 15 Minutte gedauert, éier sech dem Kolo Muani déi éischt anstänneg Aktioun am Strofraum gebueden huet. Obwuel Frankfurt optesch besser gewierkt huet, ass et Leipzig an der 71. Minutt gelongen, den éischte Gol vum Owend ze schéissen. Dem Nkunku säi Schoss war e puer Mol ofgefälscht ginn an war duerno am Filet gelant. Duerno huet Frankfurt alles versicht, fir den Ausgläich ze schéissen, mee d'Ekipp vum Marco Rose huet hir nächst Chance genotzt, fir de Match zu hire Gonschten ze entscheeden.

Et ass den insgesamt zweeten Titel an der Coupe fir d'Ekipp aus Ostdäitschland. Frankfurt erspillt sech deemno keen Upgrade fir d'Europa League a spillt déi nächst Saison an der Conference League.

FA Cup

Manchester City - Manchester United 2:1
1:0 Gündogan (1'), 1:1 Bruno Fernandes (33', Eelefmeter), 2:1 Gündogan (51')

De Meeschter vun der Saison 2022/23 war schonn no 13 Sekonnen duerch de Gündogan a Féierung gaangen. Et war net nëmmen den éischte Gol, mee och e Gol fir d'Geschicht. Nach ni virdru war e Gol esou fréi gefall. ManCity hat och duerno e Koup Golchancen, konnt awer keng dovun notzen. Vu Manchester United war bis zur 30. Minutt méi mat verteidege beschäftegt, krut awer en ëmstriddenen Handeelefmeter zougesprach, deen de Bruno Fernandes verwandele konnt.

An der zweeter Hallschent war et nees de Gündogan, deen an der 51. Minutt den decisive Gol fir d'Ekipp vum Pep Guardiola geschoss huet. Duerno ware béid Ekippen nach e puermol virum géigneresche Gol opgedaucht, mee et sollt kee weidere Gol falen. De Gündogan hat zwar nach eng Kéier markéiert, mee dee Gol gouf wéinst Abseits oferkannt.

Manchester City huet domat nach ëmmer d'Chance, den Triplé an dëser Saison ze realiséieren. Nächst Woch spillen d'Skyblues an der Finall vun der Champions League géint Inter Mailand.

Serie A

FC Turin - Inter Mailand 0:1
0:1 Brozovic (37')

Inter Mailand huet d'Generalprouf fir d'Champions-League-Finall an enger Woch géint Manchester City mat Bravour bestanen. Mat der Victoire géint den FC Turin hunn d'Mailänner Lazio Roum am Kampf ëm de Vize-Champion och ënner Zuchzwang gesat. Inter war iwwer 90 Minutten déi kloer besser Ekipp an huet Turin quasi keng Méiglechkeete ginn, virun de géigneresche Gol ze kommen.

Empoli - Lazio Roum 0:2
0:1 Romagnoli (48'), 0:2 Luis Alberto (90'+2)

Lazio Roum huet dem Drock widderstanen, deen Inter Mailand am Virfeld opgebaut hat, an huet Empoli am leschte Match vun der Saison keng Chance gelooss. Domat ginn d'Réimer Zweeten an der Tabell, hannert dem Champion Neapel, a spillen déi nächst Saison an der Champions League, geneesou wéi déi zwou Mailänner Ekippen.

Ligue 1

Ajaccio - Marseille 1:0
1:0 Vidal (88')

Den Ofsteiger Ajaccio verabschit sech mat enger Victoire géint den Tabellendrëtte Marseille. Marseille bleift trotz der Néierlag Drëtten an der Tabell a spillt am Summer an der Qualifikatioun fir d'Champions League.

Auxerre - Lens 1:3
0:1 Claude-Maurice (19'), 0:2 Claude-Maurice (48'), 1:2 Niang (71'), 1:3 Openda (78')

D'Iwwerraschungsekipp vun der Saison Lens gewënnt och de leschte Match vun der Saison a baut seng Serie vu Victoiren aus. Um Enn landen d'Nordfransousen op Plaz 2 an der Tabell, ee Punkt hanner dem Champion PSG, a spillen domat d'nächst Saison an der Champions League. Auxerre ass duerch d'Néierlag an déi gläichzäiteg Victoire vun Nantes géint Angers ofgestigen.

Monaco - Toulouse 1:2
0:1 Aboukhlal (70'), 1:1 Ben Yedder (78'), 1:2 Jealey (90'+3)

Et war fir Monaco déi drëtt konsekutiv Néierlag am Endspurt vun der Saison. D'Monegasse schléissen d'Saison op der sechster Plaz of a spillen d'nächst Saison net international.

Nice - Lyon 3:1
1:0 Boateng (5', Eegegol), 2:0 Laborde (28'), 3:0 Moffi (33'), 3:1 Jefferson (41')

PSG - Clermont 2:3
1:0 Ramos (16'), 2:0 Mbappé (21'), 2:1 Gastien (24'), 2:2 Zeffane (45'+1), 2:3 Kyei (63')

De Champion PSG huet am leschte Match vum Lionel Messi eng Néierlag mussen astiechen. Trotz engem 2:0-Avantage, verléieren d'Paräisser um Enn 2:3 an haten nach Chance, dass si net méi héich verluer hunn. Clermont krut nämlech ee Gol wéinst Handspill oferkannt an huet en Eelefmeter verschoss. De Championstitel war PSG awer schonn zënter dem viregte Spilldag net méi ze huelen.

Troyes - Lille 1:1
0:1 Diakité (52'), 1:1 Rony Lopes (72')

Duerch d'Gläichspill verspillt Lille déi véiert Plaz an domat déi direkt Qualifikatioun fir d'Europa League. D'Nordfransouse mussen dann an der Conference League untrieden.

Brest - Rennes 1:2
0:1 Bourigeaud (13'), 1:1 Belkebla (36', Eelefmeter), 1:2 Bourigeaud (45'+3, Eelefmeter)

Am bretoneschen Duell hat Rennes dat bessert Enn fir sech a festegt mat der leschter Victoire an der Saison 2022/23 seng véiert Plaz a confirméiert déi gutt Prestatiounen aus de leschten zéng Méint. Rennes ass nächst Saison direkt fir d'Europa League qualifizéiert.