D'Iga Swiatek séchert sech den Titel bei de French Open

© Julien de Rosa/AFP
An der Finall huet d'Polin an 3 Sätz (6:2, 5:7, 6:4) géint d’Karolina Muchova gewonnen. Et ass de 4. Titel bei engem Grand Slam fir d'Swiatek.
D'Karolina Muchova ass an der Ufanksphas net gutt an de Match komm an huet den éischte Saz mat 2:6 géint d'Iga Swiatek verluer.
Am 2. Saz war d'Polin weiderhin iwwerleeën a louch nees séier mat 3:0 a Féierung. An der Suite huet d'Muchova den Niveau vun hirem Spill erhéicht, ass an de Match zréckkomm an huet deen Duerchgang mat 7:5 fir sech entscheet.
Am decisive Saz huet d'Nummer 1 vun der Welt dem Muchova beim Stand vu 5:4 de Service ofgeholl a mat 6:4 gewonnen.
D'Polin huet den Titel zu Paräis verdeedegt a konnt sech bei de French Open fir déi drëtte Kéier no 2020 an 2022 d'Kroun opsetzen.