Manchester City séchert sech fir déi éischte Kéier den Champions-League-Titel

© Marco Bertorello / AFP
Mat 1:0 ka sech Manchester City géint Inter Mailand duerchsetzen. Domadder kënne sech d'Sky Blues fir d'éischte Kéier den Champions-League-Titel sécheren.
E Samschdeg den Owend ass zu Istanbul am Kader vun der Champions-League-Final Manchester City op der Inter vu Mailand getraff. Fir Manchester City war dëst déi zweete Kéier, wou den englesche Veräin eng Final vun der renomméierter Futtballcompetitioun gespillt huet. Schonn am Joer 2021 waren d'Sky Blues eng Kéier an der Finall. Dës haten d'Jonge vu Manchester allerdéngs géint Chelsea verluer. Fir Inter Mailand war et iwwerdeems déi 14. Finall op der europäescher Bün. Am Ganze konnten d'Italiener aacht Finalle fir sech entscheeden, wougéint der fënnef verluer goufen. E Samschdeg koum eng sechsten Defaite dobäi. Dëst andeems d'Italiener mat 0:1 géint d'Englänner verluer hunn.
Manchester City - Inter Mailand 1:0
1:0 Rodri (68')
An enger gudder Ufanksphas huet Manchester City direkt den Toun uginn. D'Englänner stoungen héich an hunn d'Italiener am Spillopbau ferm ënner Drock gesat. Et waren och d'Englänner, déi direkt zwee Schëss a Richtung Gol vum Onana am Mailänner Gol brénge konnten. No 10 Minutten hate sech d'Italiener allerdéngs op d'Aart a Weis vu Manchester City agestallt a si stounge vun do u méi sécher an der Defense, soudatt sech béid Formatiounen iwwert wäit Strecke vum Match neutraliséiert hunn. Et war en taktesche Match an deem keng Ekipp all ze vill riskéiere wollt. Bezeechent fir dës Astellung ass de Fait, datt Inter Mailand réischt an der 20. Minutt e Schoss a Richtung Ederson lassgelooss huet. An der 27. Minutt wier dunn awer bal e Gol gefall. Aus dem Näischt hat Manchester City eng grouss Occasioun. Dëst nodeems den Haaland an d'Lach geschéckt gouf. Den Onana konnt de Schoss vum jonken Norweger allerdéngs paréieren. Duerno sollt keng Ekipp méi geféierlech virum géigneresche Gol opdauchen, soudatt et mat 0:0 an d'Hallschent gaangen ass. Fir e batteren Nogoût op Säite vu Manchester huet allerdéngs d'Verletzung vum De Bruyne gesuergt, deen nach virum Téi blesséiert huet missen ausgewiesselt ginn. Nodeems hie schonn 2021 an der Finall blesséiert huet missen ausgewiesselt ginn, war et e Samschdeg elo scho fir d'Zweet, datt den De Bruyne eng Finall net fäerdeg spille konnt.
D'Ufanksphas vun den zweete 45 Minutte war qualitativ net besser wéi déi éischt Hallschent, mä dofir war de Match méi kierperbetount. An der 59. Minutt waren et dës Kéier awer d'Italiener, déi déi éischt Chance verbuche konnten. Et war de Bernardo Silva, dee bal de Gol fir den Inter opgeluecht hat. No enger schlechter Réckpass vum Portugis, konnt sech de Martinez de Bal erlafen an eleng a Richtung Gol marschéieren. Den Ederson konnt de Wénkel allerdéngs gutt zoumaachen an domadder d'Chance entschäerfen. Gléck fir de Bernardo Silva a fir Manchester City!
An der 68. Minutt sollt dunn de wichtege Gol fir Manchester City falen. No engem schéine Passspill tëscht dem Akanji an dem Bernardo Silva koum de Rodri am Réckraum un de Ball. Dësen huet de Ball direkt geholl an en ouni mat der Wimper ze zécken zum 1:0 am Gol fir d'Sky Blues ënnerbruecht. An der 70. Minutt huet eng Slapstick-Aktioun den 1:1 verhënnert: Fir d'éischt huet nom Kappball vum Dimarco d'Lat gerett, ier datt dësen duerno mam Lukaku säin eegene Matspiller ugekäppt huet, deen dunn den 1:1 verhënnert huet. Nom Gol hate béid Formatioune méi Raim. Esou gouf et och op béide Säit méi Chancen. Mä weder Lukaku nach Haaland konnten de Ball am Gol ënnerbréngen, soudatt et mat engem 1:0 fir d'Englänner an déi lescht 10 Minutte gaangen ass.
An der Schlussphas huet ee gemierkt, datt béid Formatioune midd waren. Esou konnt den Inter d'Englänner net méi esou richteg ënner Drock setzen. Allerdéngs haten d'Italiener an der 89. Minutt nach eng Kéier déi grouss Chance fir ze egaliséieren, allerdéngs huet de Lukaku mat sengem Kappball nëmmen den Ederson getraff. Do hätt de Belsch am Endeffekt méi draus maache missen. Duerno ass näischt méi am Match geschitt, soudatt Manchester City knapps mat 1:0 géint Inter Mailand gewënnt an d'Champions League domadder nom zweeten Ulaf an enger Finall gewënnt.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.