E Mëttwoch war den Tirage vun den europäesche Kompetitiounen am Volleyball.

Iwwerdeems sech keng Lëtzebuerger Dammenekipp gemellt hat, fir am Challenge Cup ze participéieren, dierfe sech d'Häre vum VC Luerenzweiler a vum VC Stroossen op spannend Aufgaben a Rumänien respektiv der Slowakei freeën.

De VC Luerenzweiler kritt mat Steaua Bukarest ze dinn, iwwerdeems de VC Stroossen géint Rieker IJS Komarno untriede muss.

Schonn 2022 hat et de VC Luerenzweiler mam selwechte Géigner ze dinn a gouf no 2 Matcher eliminéiert.

Den Allersmatcher ginn tëscht dem 24. a 26. Oktober gespillt, d'Retourmatcher sinn dann tëscht dem 31. Oktober an dem 2. November.

RTL

© Livestream CEV