Lëtzebuerg spillt am Tennis Davis Cup an der Weltgrupp 2 um Freideg a Samschdeg zu Ljubljana géint Slowenien.

Nom éischten Dag steet et am Tennis Davis Cup am Weltgrupp Zwee zu Ljubliana tëscht Slowenien a Lëtzebuerg 1-1. Den Alex Knaff huet sech an enger spannender Partie an 3 Sätz, 3-6, 7-6 an 6-2 géint d‘slowenesch Nummer 2 Bor Artnak duerchgesat. De Chris Rodesch huet sech an 2 Sätz 6-7 an 2-6 géint den Blaz Rola, d‘Nummer 1 aus Slowenien misse geschloe ginn.

Um Samschdeg ass dann den Dubbel an duerno nach zwee Simplen.

Wann d'Ekipp vum Gilles Muller gewënnt, da spillt se d'nächst Joer de Playoff fir an de Weltgrupp 1.

Am Fall vun enger Defaite geet et an de Playoff fir net aus der Grupp 2 erauszefalen.