Olympesch WanterspillerBiathletin Rebecca Passler gouf positiv op Dopping getest

Sam Rickal
Der 24 Joer aler Italienerin gouf d'Mëttel Letrozol nogewisen, dat zanter 2008 verbueden ass – deen éischte positiven Doppingfall virun den Olympesche Wanterspiller.
© PIERRE TEYSSOT / PIERRE TEYSSOT / DPPI VIA AFP

D’Olympesch Wanterspiller zu Cortina d’Ampezzo a Mailand an Italien fänken zwar réischt e Freideg un, ma et gëtt schonn deen éischte positiven Doppingfall: D’Biathletin Rebecca Passler gouf positiv op Letrozol getest. Dat huet déi international Biathlon-Federatioun e Méindeg bekannt ginn.

Zanter 2008 ass dëst Mëttel, dat u sech fir d’Behandlung vu Broschtkriibs no der Menopause agesat gëtt, fir den Östrogenspigel erofzesetzen, verbueden. Am Sport geet een zwar net dovunner aus, datt d’Mëttel d’Leeschtung steigert, mee et verännert d’Hormoner awer sou, datt d’Kraaft, d’Regeneratioun an d’Muskelen erop kënne goen.

2017 gouf och déi italieenesch Tennis-Spillerin Sara Errani positiv op Letrozol getest an doropshi gespaart.

Fir déi éischte Kéier ginn d’Biathleten op den Olympesche Wanterspiller zu Antholz am Südtirol un den Depart. D’Rebecca Passler kënnt gebierteg vun Antholz.

De Schwed Sebastian Samuelsson hat bei de Competitiounen zu Nove Mesto an Tschechien scho behaapt, datt verschidde vu senge Konkurrenten doppe géingen. D’Nouvelle vum positiven Doppingfall vum Rebecca Passler kënnt zu engem denkbar schlechten Zäitpunkt.

Vun e Freideg bis den 22. Februar sinn an Italien d’Olympesch Wanterspiller.

Back to Top
CIM LOGO