Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMathias Olesen gëtt bei de Grazer AK an Éisträich ausgeléint

Sam Rickal
De Veräin aus der éischter éisträichescher Divisioun huet sech fir den nächste Summer eng Kafoptioun geséchert.
De Mathias Olesen zitt et einstweilen an Éisträich
© Gerry Schmit / sportspress 13102025

De Lëtzebuerger Duo Olesen-Dardari wäert dës Saison net zesumme fir Greuther Fürth spillen. De Mathias Olesen gëtt vum däitschen Zweetligist un de Grazer AK bis zum Schluss vum der Saison ausgeléint. Donieft huet sech d’Ekipp aus der éisträichescher Bundesliga eng Kafoptioun fir de Summer geséchert. Dat hu Greuther Fürth op hire soziale Medie confirméiert. De Grazer AK steet no 17 Spilldeeg mat 15 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell.

De Mathias Olesen war réischt am Summer vum 1. FC Köln bei Greuther Fürth gewiesselt. Fir d’Kléiblieder stoung de 36-fache Lëtzebuerger Nationalspiller dës Saison 14 Mol um Terrain a konnt ee Gol markéieren. Déi lescht dräi Partië war hien net méi zum Asaz komm.

Back to Top
CIM LOGO